De Wochenausbléck: Et gëtt däitlech méi waarm, dobäi nach zäitweis naass

An dëser neier Wiederwoch geet et virun allem mat eisen Temperaturen an d’Luucht.

Advertisement

D’Grousswiederlag

An dëser neier Wiederwoch leie mir haaptsächlech ënnert enger Westwiederlag, och wa mir zumools e Mëttwoch an en Donneschde fir eng Zäitchen ënner Héichdrockafloss geroden. D’Kombinatioun doraus bréngt eis zwar nach zäitweis Reen, mee virun allem eis Temperature ginn eropgedréckt. Well d’Déifdrockgebitter westlech genuch leien, an d’Héichdrockgebitter och genee richteg, ginn däitlech méi waarm Loftmassen aus dem déiwe Süden a Südweste vun Europa ugezaapt.


De Verlaf vun de Loftmasse bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut um Méinde leie mir genee ënnert engem klengen Déif, wat eis haaptsächlech an der Nuecht an och de Moie nach Reen bruecht huet. Elo am Dag gëtt et kuerz manner naass, ier dann a Richtung Owend an och Nuecht d’Récksäit vum Déif fir de Rescht vum Reen suergt. Muer um Dënschde kënnt et ëmmer erëm zu eenzelne Schaueren, méi laang dréche Pause kann et awer och ginn. Besonnesch um spéideren Owend soll eis aus der Belsch dat nächst méi grousst Reegebitt erreechen. Vun den Temperaturen hier si mir haut um Méinde bei engem Maximum vun tëscht 7 an 11 Grad ënnerwee, muer um Dënschde wäerten et 7 an 10 sinn.

E Mëttwoch zitt de Rescht vum Reen a Richtung Süden aus eiser Groussregioun eraus, fir dass Plaz fir en Héichdrockgebitt gemaach gëtt. Dëst Héich soll sech op alle Fall mol bis an de fréie Freidemoie bei eis halen a fir méi rouegt Wieder suergen. Et sinn zwar Wolleken ënnerwee, mee d’Sonn kritt och hir Chancen. E Mëttwoch klammen d’Temperaturen op tëscht 10 an 13 Grad, en Donneschde sinn et 13 bis 16 Grad. E Freide kommen am Laf vum Dag e puer Schaueren op, en eenzelt Donnerwieder kann och dobäi sinn. D’Temperature packen et op 12 bis 15 Grad.

Fir e Samsden an e Sonnde muss mat Schauere gerechent ginn, mee dotëscht gëtt et och mol sonneg. D’Temperature sinn e Samsde bei 11 bis 14 Grad ënnerwee, e Sonnde geet et op 12 bis 15 Grad erop – op d’mannst mol dem momentane Stand no.