De Wochenausbléck: Et gëtt ëmmer méi onbestänneg, Temperature wësse net wouhin

An Tëschenzäit huet eis eng Kalfront erreecht, déi plazeweis schonn fir e puer Schauere gesuergt huet. Geet et an de nächsten Deeg och dësem Bild no virun?

D’Grousswiederlag

Dës Woch ass eppes kloer: et gëtt ëmmer méi onbestänneg. Just ass onkloer, wéi genee am Endeffekt d’Struktur vun den Drockgebitter wäert sinn. Dëst huet nämelch eng grouss Auswierkung dorop, ob sech dann elo erëm méi waarm Loftmassen iergendwann duerchgesat kréien oder awer däitlech méi kill. Et ass also spéitstens Mëtt der Woch mat enger Entscheedung ze rechnen.

Heescht also: bis de Mëttwoch inclus Héichdrockafloss (mat kuerzer Stéierung haut um Méinden) an duerno zouhuelend Déifdrockaktivitéit.


Vu Mëtt der Woch u gëtt et méi onbestänneg | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut um Méinde war et am Ufank jo nach zimmlech frëndlech, ier dunn déi ugekënnegt Kalfront an d’Land gezu koum. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 16 an 20 Grad, de Wand spillt mat maximale Spëtzte vun 30 km/h net wierklech eng Roll. Muer um Dënschde geet et mat engem Mix aus Sonn a Wolleke virun – dës Wolleke kënnen zäitweis och e bësse méi kompakt ausfalen. D’Temperature packen et op 12 bis 15 Grad, dat nodeems um fréie Moie plazeweis just ëm 0 Grad opgetruede sinn. De Mëttwoch kréie mir et mat engem änlechen Dag ze dinn, d’Temperature klammen op 15 bis 18 Grad.

Vun der zweeter Wochenhallschent un gëtt et dann méi interessant. Dem aktuelle Stand no sinn den amerikanesche Modell GFS an och den europäeschen ECMWF esou agestallt, dass aus Westen hier déiwe Loftdrock eragrätscht an esou den Héichdrockafloss aus eise Géigenden dréckt. Den Donneschde géif eis dem no also en zimmlech wollekegen Dag erwaarden, um Owend resp. spéideren Owend kéim dann e gréissert Reegebitt an d’Land eragezunn – 13 – 17 Grad. Och de Freiden iwwer wiere weider Schauere méiglech, dat iwwerdeems et wollekeg ass. D’Sonn mellt sech net komplett of, mee se weist sech definitiv manner oft. D’Temperature packen et op 13 bis 16 Grad.

De Weekend leie mir tëscht Héich an Déif, wouduerch et zäitweis mol méi lefteg kéint ginn. D’Temperature beweege sech dagsiwwer tëscht 13 a 17 Grad um Samsden an tëscht 15 a 19 Grad um Sonnden.