De Wochenausbléck: Et gëtt méi kill an et bleift lefteg

Mir bleiwe weiderhin ënnert enger westlecher bis südwestlecher Stréimung. Amplaz mëll Atlantikloft kréie mir et, eben duerch d’Grousswiederlag bedingt, mat méi kille Loftmassen ze dinn.

Westwiederlag geet virun

Och an der neier Woch dominéiert eng Westwiederlag. Iwwert dem Nordatlantik ass haaptsächlech déiwe Loftdrock ze fannen, iwwer Südeuropa resp. dem Mëttelmierraum héije Loftdrock.

Bis ewell goufen eis haaptsächlech fiicht a waarm Loftmasse vum Atlantik hier zougespillt. An de nächsten Deeg wäert et awer sou sinn, dass duerch de groussen Déifdrockkomplex an der Géigend vun Island kill Loftmasse vun do uewen aus op Lëtzebuerg transportéiert ginn. Punktuell begrenzt kann et am Laf vun dëser Woch sinn, dass et kuerzzäiteg méi wanterlech gëtt.

Och de Wand wäert vun Zäit zu Zäit rem eng Roll spillen, allerdéngs sollt et net zu Stuermstéiss kommen. Réischt de Weekend kéint rem eng Phas antriede, wou aus aktueller Siicht gesinn e weidere Stuerm net zu 100% ausgeschloss ka ginn.

Méi kill Loftmasse bestëmmen déi nei Wiederwoch (ECMWF – wxcharts.com)

Mir starte mat ville Wolleken an de Méinden eran, lokal si Schaueren ze erwaarden. D’Temperature leien tëscht mëlle 5 an 8 Grad, am Nomëtte packe se et op 7 bis 10 Grad. De Wand ass duerch Spëtzte vu 50 km/h ëmmer nach ze spieren, stiermesch ass et awer net méi. Et si weiderhi Schauere méiglech, sonneg Momenter maache sech rar. Um Dënschde bleift et meeschtens bedeckt, mee et sollt awer op den allermeeschte Plaze net reenen. D’Temperature starte moies scho bei méi killen 2 bis 5 Grad fir am Nomëtten op 6 bis 9 Grad ze klammen. De Wand bleift spierbar aus West- Südwesten ënnerwee an areecht an de Spëtzte bis zu 50 km/h. An der Nuecht op de Mëttwoch kënnt neie Reen an d’Spill.

Um Mëttwoch selwer kann et virun allem an de Moiesstonnen op de Koppe vum Land zu eenzelne Flacke kommen, iwwerdeems et awer soss iwwerall reent. D’Temperature klammen op e Maximum vu 4 bis 7 Grad, de Reen an de Schnéi verloossen eis am Laf vum Dag. Mat Chance ass och e sonnege Moment dobäi, de Wand ass mat Spëtzte vu 45 km/h ëmemr nach spierbar aus Westen ënnerwee.

Keng gréisser Ännerung bis de Sonnden

Och de Rescht vun der Woch bleift d’Westwiederlag nach bei eis aktiv. Et ass also zäitweis lefteg an et zéien ëmmer rem déck Wolleken duerch, déi awer, Stand aktuell, net all ze vill Nidderschléi méi brénge sollten. Et gëtt rem bësse méi mëll.

Den Donneschde gesäit et aus, wéi wa mir trotz ville Wolleken drëchen doduerch kéime bei 7 bis 11 Grad. Um Freide wiere souguer rem méi sonneg Momenter dobäi bei 7 bis 10 Grad. Um Samsden am um Sonnde besteet rem d’Wahrscheinlechkeet vu méi groussflächegem Reen. Den een oder anere Modell ass souguer der Meenung, dass et de Sonnden ënner Ëmstänn rem stiermesch kéint ginn. Wat dat ubelaangt, gitt Dir natierlech hei um Lafende gehalen.