De Wochenausbléck: Et gëtt méi lefteg, éischten hierschtlechen Touch

An der neier Woch bleiwe mir weiderhin ënnert dem Afloss vun enger Westwiederlag, déi eis am Ufank nach niddrëg Summertemperature brénge wäert. Duerno geet et awer biergoof an de Wand gëtt en Thema.

Dënschde kuerz erëm summerlech

Mir starte mat engem wollekegen Dag an déi nei Woch eran, d’Temperaturen areeche kee summerleche Niveau méi. Um Moien ass et éischter wollekeg, d’Temperature leien tëscht 11 a 14 Grad an areechen am Nomëtten e Maximum vu 17 bis 23 Grad. Et zéien e puer méi kompakt Wolleken duerch, d’Sonn ka sech mat Chance och mol weisen. Am spéidere Nomëtten an och um Owend besteet kuerzzäiteg d’Warscheinlechkeet vun enger lokaler Schauer, et wäert awer nach laang net iwwerall naass ginn. An der Nuecht op den Dënschde ginn d’Temperaturen op 14 bis 11 Grad zréck, den Himmel kläert op. Um Dënschde kënnt sech d’Sonn viraussiichtlech méi oft weisen, am fréie Nomëtten ass et fir eng Zäitchen e gutt Stéck méi bedeckt. Et sollt bei 19 bis summerleche 25 Grad awer dréche bleiwen. De Wand ass mat Spëtzte vun ëm 40 km/h aus Südweste present.

Déi viraussiichtlech Loftmasseverdeelung bis de Sonnden (GFS – wxcharts.com)

Stiermësche Mëttwoch méiglech

De Mëttwoch gëtt d’Situatioun méi interessant, well mir ënnert den Afloss vun engem Stuermdéif geroden. D’Déif läit den Dënschde mat séngem Kär iwwert de Britteschen Inselen a verlagert sech iwwert de Mëttwoch weider a Richtung Osten. De Kär passéiert den äusserste Norde vun Däitschland an dréit südlech dovun e Stuermfeld mat sech mat. Dëst Stuermfeld wäert och d’Wieder heiheem zu Lëtzebuerg beaflossen. Genee soe, wéi staark de Wand bei eis gëtt, kann awer nach keen. Gewosst ass awer, dass eis näischt extremes ustoe sollt, och wann de GFS an den ECMWF déi ganz Situatioun nach e bëssen ënnerschiddlech gesinn. De GFS rechent an eise Géigende mat Wandspëtzte vun ëm 65 km/h, iwwerdeems den ECMWF Spëtzte vun ëm 90 km/h op de Koppe net ausschléisse wëll. Mee egal ob GFS oder ECMWF, bei de genannte Vitesse kënne Beem vill méi liicht ëmfale, well se, anescht wéi am Wanter, hir Blieder nach hunn. Fir de Rescht kann et um Mëttwoch zäitweis e bësse reene, mee de Nidderschlag wäert net am Fokus stoen. Et gi Maximaltemperaturen 18 bis 23 Grad areecht.


ECMWF mat Stuermstéiss bis ëm 90 km/h um Mëttwoch

Rescht vun der Woch nëmmen heiansdo naass

De Rescht vun der Woch gëtt et nëmmen heiansdo naass, mee wéinstens dat wéi guer näischt. D’Temperature beweege sech och ëmmer méi am 20er Beräich, de Summer ass also fir de Moment mol vum Dësch. Den Donneschden ass et am Ufank nach sonneg bei Temperature vun tëscht 11 an 13 Grad an de Moiesstonnen. Am Nomëtten ass mat engem Maximum vu 19 bis 23 Grad ze rechnen, et zéien eng Partie Wolleken duerch. Et sollt dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht op de Freide kann et sinn, dass aus Nordwesten e bësse Reen eragezu kënnt. De Freide gëtt en änlechen Dag, just dass et meeschtens wollekeg ass an d’Sonn sech just heiansdo weise kënnt. 17 bis 21 Grad stinn um Programm, reenen deet et just ganz lokal, wann iwwerhaapt. Um Samsden ass d’Reewarscheinlechkeet erëm e bësse méi héich, well mir méiglecherweis en Déif quasi direkt iwwert eise Käpp hänken hunn. 14 bis 19 Grad ginn areecht. Um Sonnde geet et déifdrockdominant virun, dat bei 15 bis 19 Grad. Donnerwieder si méiglech.