
De laang ugekënnegten Ëmschwong wäert sech Mëtt der Woch bei eis weisen. De ville Niwwel wäert also geschwënn der Vergaangenheet ugehéieren.
Advertisement
D’Grousswiederlag
De Moment leie mir nach ënner Héichdrockafloss, vun dem de Kär iwwer Osteuropa läit. E fänkt also un, lues a lues méi schwaach ze ginn, wat mir virun allem Mëtt der Woch ze spiere kréien: E Mëttwoch dréckt sech vum Atlantik hier Déifdrockafloss an eis Regioun eran, déi der festgefuerener Héichdrock-Glack mam ville Niwwel an deels och Dauerfrascht en Enn bereet.

D’Déifdrockgebitter wäerte sech dës Woch zwar nach net komplett iwwert eis leeën, d’Haaptaktivitéit bleift nach um Atlantik. Mir leien awer stänneg um Rand vun hiren Aflossberäicher, wat definitiv fir e Changement bei eis suergt.
De Verlaf
Haut um Méinde leien d’Temperaturen op ville Plaze knapp ënnert dem Gefréierpunkt, well de Niwwel et net besonnesch gutt mat eis mengt. Ëmmer nach leie mir ënnert enger sougenannter Inversiounswiederlag, déi et nëmme schwéier zouléisst, dass sech de Niwwel opléist. Muer um Dënschde gesinn d’Loftmassen zwar ëmmer nach inversiv aus, mee net méi sou markant – d’Chancen, dass sech d’Sonn awer mol weise kënnt, sinn also liicht méi héich wéi haut. A Richtung Dënschdenowend gëtt et ëmmer méi wollekeg, Reen oder Schnéi sinn awer nach net ze erwaarden.
Eréischt fir e Mëttwoch si sech d’Modeller driwwer eens, dass eis am Laf vum Owend eng Kalfront passéiert. Un hir gëtt et groussflächeg naass, op den héchste Koppen am Grenzgebitt zur Belsch si vereenzelt Schnéischauere méiglech. Um Donneschdemoie kann et mol nach naass ginn, mee et wäert duerno fir e puer Stonne manner reenen. Fir d’Nuecht op e Freide gi vu verschiddene Modeller déi nächst Nidderschléi ugekënnegt.
E Freide gerode mir ënnert den Aflossberäich vun engem weideren Déif, wat eis seng Kalfront op Lëtzebuerg schéckt. Se soll, laut momentanem Stand, zwar net wierklech iwwert eis ewechzéie, mee eis méi sträifen. E Samschden an och e Sonnde si viraussiichtlech ëmmer erëm Schaueren ze erwaarden, iwwerdeems och de Wand e gutt Stéck méi relevant kéint ginn. D’Eenzelheete bleiwen awer ofzewaarden.