De Wochenausbléck: Et gëtt no a no manner wanterlech

Am Laf vun der Woch gerode mir ënnert eng westlech bis südwestlech Stréimung, duerch déi et manner wanterlech gëtt.

Advertisement

Advertisement

D'Grousswiederlag

Vun elo bis e Mëttwoch wandert en Déifdrockgebitt vum Nordweste vu Frankräich iwwer BeNeLux bis an de Nordoste vun Däitschland eran - dëst ass beispillweis och fir de Schnéifall vun haut verantwortlech. Hannendrun setzt eng kuerz Phas mat méi héijem Loftdrock an, ier et dann fir de Weekend esou ausgesäit, wéi wa mir erëm ënnert eng typesch Westwiederlag géife geroden - an dës si net onbedingt dofir bekannt, immens wanterlech ze sinn.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Nidderschléi bis e Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Am Laf vum Nomëtten/spéidere Nomëtte pendele sech eis Temperature bei tëscht 1 a 4 Grad an, an der Nuecht op en Dënschde sollt sech net all ze vill un dëse Wäerter änneren. De Schnéi geet also ëmmer méi a Schnéireen a Reen iwwer, tëschenzäitlech ass och mol Glëtz net ausgeschloss.

Den Dënschde weist sech vu senger zimmlech naasser Säit, eréischt vum Owend un sollt et no a no manner reenen. D'Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 2 a 5 Grad. E Mëttwoch kann et mol nach bis an de fréie Nomëtten eran zu där enger oder anerer Schauer kommen, duerno gëtt et awer ëmmer méi dréchen. Mat Chance weist sech och d'Sonn mol kuerz bei 2 bis 5 Grad.

En Donneschde leie mir an der éischter Dageshallschent mol nach ënnert méi kille Loftmassen, wouduerch Fréitemperature vun tëscht -3 a 0 Grad méiglech sinn. Am Laf vum Dag lande mir bei 1 bis 4 Grad. Et bleift gréisstendeels dréchen an d'Sonn ka sech weise kommen. De Freide verleeft viraussiichtlech eng Nummer méi gro, dat bei 3 bis 6 Grad. De Weekend iwwer soll et virun allem um Samsdenowend a vum Sonndemëtten un naass ginn, dobäi steet och e méi stramme Wand zur Optioun. E Samsde ginn de momentane Berechnunge no Maximalwäerter vun tëscht 5 an 8 Grad erreecht, e Sonnde wieren esouguer 8 bis 12 Grad dran.