De Wochenausbléck: Fir den Ufank mol nach naass, duerno Héichdrockafloss

Den Dag vun haut war net nëmmen e lëftegen, mee och richteg naassen – zumools am Norde konnten zanter Mëtternuecht knapp méi wéi 30 l/m² gemooss ginn. Et ass awer eng Besserung a Siicht.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Moment ass nach zimmlech vill iwwert de westlechen Deeler vum Kontinent lass. An de leschten Deeg gouf eist Wieder primär duerch Ausleefer vun Orkandéifer beaflosst, déi elo awer lues a lues der Geschicht ugehéieren. D’Berouegung erwaart eis awer net vun elo op direkt, mee mir musse nach e bësse Gedold beweisen. Nach bis en Donneschde gräifen ëmmer erëm Déifdrockausleefer op eis iwwer, déi nach eng Zäitche fir Reen mee och mol lëfteg Ofschnëtter suergen.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis e Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

Vun e Freiden u mécht sech no a no héije Loftdrock iwwert eise Käpp bemierkbar, deen sech dem momentane Stand no nach bis an déi nächst Woch era kann zéien. Doduerch soll et dann däitlech méi roueg virugoen, iwwerdeems d’Temperaturen och erëm e Stéck géife falen.

De Verlaf

Muer um Dënschde sinn ëmmer nach vill Wolleken ënnerwee. Am Ufank hale sech d’Nidderschléi mol nach a Grenzen, ginn awer a Richtung Owend ëmmer méi. En Déifdrockgebitt, wat vun England aus eraus op d’Nordséi zitt, ass dofir verantwortlech. De Wand packt et an de Spëtzten ëmmer nach op 60 km/h. E Mëttwoch reent et virun allem am Ufank an och erëm vum Owend un, dotëscht ka sech eng méi dréche Phas weisen – mat Chance ass och mol e sonnege Moment dobäi. En Donneschde schéngt déi zäitlech Verdeelung vun de Nidderschléi eng ganz änlech ze sinn, iwwerdeems sech ëmmer nach net all ze vill ännert. Fir e Freide gëtt däitlech méi schéint Wieder berechent – soubal sech de Niwwel opgeléist huet, kënnt d’Sonn duerch. Ob et de Weekend net awer nach zu enger klenger Stéierung duerch en Déifdrockausleefer ka kommen, ass nach net sécher, mee generell gëtt et méi roueg.

Wat d’Temperature betrëfft erreeche mir muer an e Mëttwoch am Dag tëscht 4 an héchstens 8 Grad, en Donneschde sinn et 5 bis 9 Grad. An den Deeg drop ginn d’Temperaturen mam erakomme vum Héichdrockafloss zréck, dagsiwwer si mir nach tëscht 1 a 6 Grad ënnerwee. An de Nuechte geet et am Ufank mol nach an de liichte Minusberäich zréck, e Sonnde sinn esouguer erëm bis zu -6 Grad méiglech. Et wäert och erëm vu Relevanz sinn, ob a wéi séier sech de Niwwel opgeléist kritt oder net.