De Wochenausbléck: Frascht a glat Stroosse gi méi warscheinlech

Vu muer u falen d’Temperaturen. An de Nuechten an an de fréie Moiesstonne geet d’Warscheinlechkeet vu Frascht an och glate Stroossen an d’Luucht.

Ufanks iwwerduerchschnëttlech waarm, duerno Frascht méiglech

An dëser Woch erwaarden eis schaarf Kontraster. Ufanks der Woch leien eis Temperature nach an engem däitlech ze héije Beräich, ier d’Wäerter awer schonn um Dënschden e gutt Stéck falen. Et ass mam éischte wanterlechen Touch ze rechnen, an dat méiglecherweis net nëmmen an der Nordhallschent vum Land.

Um Méinde starte mir mat Temperature vu 14 bis 17 Grad an den Dag eran, am Nomëtte sollen de Modellrechnunge no 16 bis 21 Grad areecht ginn. Sollten dës Wäerter wierklech gemooss ginn, da géif de Rekord vum wäermste Novemberdag zanter Opzeechnungsufank un enger Partie Statioune falen. Um Moie si nach liicht Nidderschléi a Form vu Fisemreen oder Niwwel net ganz auszeschléissen, dagsiwwer bleift et meeschtens dréchen an d’Sonn ka sech trotz ville Wolleke mol weise kommen. De Wand bléist stramm bis stiermesch aus Südwesten a packt et an de Spëtzten op 40 bis 60 km/h, op den héchste Koppe sinn och mol Vitesse bis 75 km/h net ganz onméiglech. Um Owend kënnt de Reen mat enger Kalfront zréck op Lëtzebuerg, mee schonn virun der zweeter Hallschent vun der Nuecht op den Dënschde soll et méi dréche ginn. De Wand gëtt méi schwaach an d’Temperature fale spierbar.


D’Kommen an d’Goe vun de waarme Loftmassen | Animatioun: wxcharts.com

Den Dënschde kann et virun allem an de fréie Moiesstonne mol nach duerch liichte Reen oder Niwwelfelder naass ginn, d’Temperature leien tëscht 6 an 10 Grad a packen et am Nomëtten op 8 bis 13 Grad. D’Wolleke gi manner déck, mee se bleiwe present. Dotëscht ka sech d’Sonn mat Chance weise kommen, dat bei engem zäitweis spierbare Wand aus West-Südwesten. An der Nuecht op de Mëttwoch gëtt et ëmmer manner wollekeg, d’Temperature ginn dobäi op Minimalwäerter vun tëscht -1 an 3 Grad zréck. Et ass mat Frascht a plazeweis och glate Stroossen ze rechnen. Et kënne sech Niwwelfelder forméieren. Um Mëttwochmoien ass den Himmel ëmmer nach kloer, ausser do, wou sech Niwwel breetgemaach huet. Mir huelen des Temperature mat a se klammen um Mëttwoch op e Maximum vu 7 bis 11 Grad. Soubal de Niwwel fort ass, schéngt d’Sonn am ganze Land iwwer Bierg an Dall. An der Nuecht op den Donneschde ginn d’Temperaturen op tëscht -1 a 4 Grad zréck an et ass erëm mam selwechten ze rechne wéi och schonn an der Nuecht virdrun.

Héije Loftdrock um laangen Hiewel

Den héije Loftdrock iwwerhëlt d’Haaptroll bei eis. Den Donneschden an och de Freide sollen Deeg ginn, un deene mir et mat villen a laange sonnege Momenter ze di kréien. Et kënnt awer och nach de Faktor Niwwel dobäi, deen deemno wéi déi eng oder aner Prognos verdréine kéint. Mat Pech léist e sech nämlech net esou séier op wéi berechent, wouduerch et dann de ganzen Dag gro amplaz sonneg kéint ginn. No enger plazeweis fraschteger Nuecht ginn den Donneschden 8 bis 11 Grad areecht, de Freiden 10 bis 12 Grad. A Richtung Weekend hëlt den Héichdrockafloss of, et gëtt erëm méi waarm. De Samsde sollen den aktuelle Modellrechnunge no 13 bis 15 Grad gemooss ginn, de Sonnde 14 bis 16 Grad. Och dëst schéngt awer, esou wéi d’Wiermt ufanks dëser Woch, nëmmen eng kuerz Phas ze sinn.