De Wochenausbléck: Geschwënn däitlech méi Beweegung an der Wiederkichen

An dëser Woch ass et esouwäit: De laang ugekënnegte Wiederëmschwong steet un. Mir mussen eis op méi Reen, mee awer och Wand astellen.

Advertisement

Advertisement

D’Grousswiederlag

Mir starten d’Woch mol nach ënner liichtem Héichdrockafloss, deen am Laf vum Dënschden awer vollstänneg sollt verschwannen. Duerno gerode mir tëscht e markanten Déifdrocksystem iwwert dem Norde vum Kontinent, iwwerdeems net wäit ewech vun den Azoren en immens staarkt Héichdrockgebitt läit.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

Et kënnt zu engem immensen Loftdrockënnerscheed, wat bedeit, dass et tëscht dësen Drockgebitter lëfteg bis stiermesch gëtt. Dëst wäert och en Afloss op d’Wieder zu Lëtzebuerg hunn. De leschte Stand a Saache Stuerm fannt Dir hei.

De Verlaf

Wéi gesot, leie mir am Ufank mol nach ënner Héichdrockafloss. Dat mierke mir de Moment och gutt (18.12.2023 – 08:23 Auer): D’Temperature leien tëscht -4 a 0 Grad, domat sinn d’Wäerter esouguer méi déif gefall wéi uersprénglech erwaart. Gläichzäiteg sinn op ville Plazen och Niwwelfelder ënnerwee, duerch déi et zu glate Streckenofschnëtter kënnt. Am Laf vum Dag kritt sech de Niwwel mat Chance opgeléist, d’Temperature packen et dann op e Maximum vun tëscht 4 a 6 Grad.

Muer um Dënschden erwaart eis dann en Iwwergangsdag, well eis den héije Loftdrock jo lues a lues verléisst. Am Laf vum Dag gëtt et aus westleche Richtunge no a no méi wollekeg, virun allem a Richtung spéidere Nomëtten a fréien Owend sinn dann och déi éischt Nidderschléi ze erwaarden bei 3 bis 5 Grad. E Mëttwoch gëtt viraussiichtlech e groen Dag, deen och mol vu liichte Nidderschléi begleet gëtt – méi verbreet sollen dës awer eréischt um Owend falen. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 3 a 5 Grad.


D’Modeller rechne weiderhi stiermesch Zenarien fir déi zweet Wochenhallschent | Kaart: wxcharts.com

An der zweeter Wochenhallschent gëtt et esoulues interessant, well sech eben de virdrun ugeschwate Loftdrockënnerscheed iwwert eis leet. Et ass zimmlech gro an ëmmer erëm gëtt et naass, a Richtung Owend gëtt de Wand ëmmer méi staark. Virun allem fir d’Nuecht op e Freide vermudden déi momentan Modeller Wandvitessen vun tëscht 75 an 100 km/h – dës Wäerter sinn awer nach net definitiv, mir halen dat am Laf vun der Woch reegelméisseg am Aen. Dagsiwwer sinn d’Temperature bei 7 bis 9 Grad ënnerwee.

E Freiden an och e Samsden bleift et immens lëfteg, dobäi kënnt et ëmmer erëm zu e puer Schaueren. D’Temperature si bei 1 bis 5 Grad ënnerwee. Et ass net onméiglech, dass et op den héchste Koppen och mol zu enger eenzelner Flack tëscht dem Reen kënnt – et sollt een awer net fest domat rechnen. E Sonnde reent et virun, iwwerdeems weiderhin Optiounen op stiermescht Wieder bestinn.