De Wochenausbléck: Gläich rem staarken Héichdrockafloss a kaum Reen!

Iwwert de Weekend huet et, wéi ugekënnëgt, am ganze Land gereent. Et sinn op ville Plaatze bis zu 30 l/m² eroofkomm, plaatzeweis souguer driwwer. Gläich soll et daat awer scho rem mam Reen gewiecht sinn.

Ufanks nach gro a naass

Ufanks der Woch bleift et mol nach ganz oft gro. Mir leie nach liicht ënner Déifdrockafloss, duerch deen et gro, naass a virdéicht mol nach lëftëg bleift.

Um Méinde hu mir et mat ville Wollécken ze dinn, dobäi kann ëmmer rem mol eng Schauer eroofkommen. Trotz dem Reen packen et d’Temperature nachengkéier op 14 bis 18 Grad, waat ze waarem vir d’Joereszäit ass. Dës entsprëcht enger Anomalie vu knapps 10 Grad. De Wand ass frësch aus Südwesten ënnerwee a packt et op 50 km/h an de Spëtzten.

Den Dënschde behaale mir déi vill Wollécke, et besteht awer eng minimal Wahrscheinlechkeet vu ganz kuerze sonnëge Momenter. Reene kann et ëmmer nach, mee net méi grad esou vill wéi de Méinden. D’Temperature klammen net méi sou héich an ereeche just nach 9 bis 13 Grad. De Wand gëtt och e bësse méi schwaach a bléist eis mat Spëtzte vu 40 km/h ëmt Oueren.

Kräftëgen Héichdrockafloss blockéiert den Atlantik

Ab dem Mëttwoch wärt eng Ännerung antreffen. Et baut sech e staarkt Héichdrockgebitt iwwer Europa op, waat d’Zoufuer vun Déifdrockgebitter aus dem Westen, also vum Atlantik hier, ofblockt. Wéi et den aktuelle Modeller no ausgesäit, wärt et also ab Mëtt der Woch däitlech méi sonnëg zu Lëtzebuerg ginn – och de Reen wärt sech da méi rar maachen. Wa mir Pech hunn, da kéinte mir et bis an den Dezember era net méi mat nennenswerte Nidderschlagsquantitéiten ze di kréie… mee mol ofwaarden. D’Temperature schéngen, trotz de ville sonnëge Momenter, a Richtung Dezember awer kontinuéierlech lues a lues zréckzegoen. Enn November ass d’Wahrscheinlechkeet vu Buedemfrascht an de Nuechten erhéicht.