De Wochenausbléck: Gläich rem Temperature vun iwwer 20 Grad, net vill Nidderschléi

Ufanks der Woch zitt eng Kalfront duerch, déi awer séier Geschicht ass. Scho vum spéidere Méindenomëtten u mecht sech rem héije Loftdrock breet.

No Kalfront rem Héichdrockafloss

Ufanks der Woch zitt eng Kalfront, déi mat engem Déif mam Kär iwwer Finnland zesummenhänkt, iwwer Lëtzebuerg. Hannert dëser Front gi méi kill Loftmassen an eis Géigende gelenkt, wouduerch eis Temperaturen dagsiwwer fir eng Zäitche meeschtens ënner 20 Grad bleiwen. An de Nuechte ka kuerzzäiteg rem liichte Frascht optrieden, ier et awer am weidere Verlaf scho rem méi waarm gëtt.

De Méinde passéiert eis déi genannt Kalfront, reene sollt et awer just ganz lokal mol, wann iwwerhaapt. D’Front ass de Modeller no an eise Géigende net wierklech nidderschlagsaktiv. Mir starte mat Temperature vun tëscht 7 an 12 Grad an den Dag eran, am Nomëtte gi Maximalwäerter vun 10 bis 15 Grad areecht. De Wand ass zäitweis méi spierbar ënnerwee a packt et an de Spëtzte mol an d’Géigend vun de 55 km/h. Et zéien eng ganz Partie Wolleken duerch, mee schon am Laf vum spéidere Nomëtte gëtt et ëmmer manner wollekeg. An der Nuecht op den Dënschde ka Frascht optrieden.

De Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden (GFS – wxcharts.com)

Temperature rem um Wee no uewen

Um Dënschden an och um Mëttwoch hu mir et rem mat frëndlechem Wieder ze dinn. D’Sonn ass stänneg ze gesinn an et zéien héchstens e puer harmlos Wolleken duerch. Bei Temperature vun 8 bis 13 Grad um Dënschden a 17 bis 21 Grad um Mëttwoch bleift et drëchen. De Wand ass just zäitweis e bësse méi spierbar ënnerwee. An der Nuecht op de Mëttwoch kann et mol nach zu liichtem Frascht kommen, wat vun der Nuecht op den Donneschden un awer net méi de Fall sollt sinn.

Vum Donneschden u besteet eng kleng Onsëcherheet bei de Modeller. Entweder et geet vun do u weiderhi frëndlech virun, oder et gëtt rem e Stéck méi onbestänneg. Um Donneschde wiessle sech aktueller Siicht no Sonn a Wolleken of, eenzel Wiedere kéinten am Nomëtte bei 21 bis 25 Grad awer net ausgeschloss ginn. Och um Freiden hätte mir et mat engem Sonn- Wollekemix ze dinn, eenzel Schauere si net onméiglech. D’Temperature packen et op 18 bis 23 Grad. Um Samsde sollt et da scho rem méi frëndlech ginn, dat bei vill Sonn a 19 bis 23 Grad. Och de Sonnde gesäit bis elo frëndlech aus, dat bei 18 bis 23 Grad.