De Wochenausbléck: Haaptsächlech Nuets nach wanterlech Ofschnëtter méiglech

Och des Woch bleift d’Westwiederlag bestoen – allerdéngs zéien d’Déifdrockgebitter dobäi sou wäit südlech, dass mir oft ënnert de méi kille Loftmasse leie wäerten.

Grousswiederlag

Héije Loftdrock iwwert dem Mëttelmier, déiwe Loftdrock iwwert dem nërdlechen Europa – dotëscht: meeschtens westlech Stréimung, och nach Westwiederlag genannt. Fiicht Loftmasse vum Atlantik ginn also rem ugezaapt, wouduerch et zimmlech variabel bleiwe wäert. Allerdéngs ass d’Konstallatioun esou, dass zougeloss gëtt, dass mir et net mat besonnesch mëlle Loftmassen ze di kréie, mee éischter mat méi killen. Wanterlech Ofschnëtter kënnen also virun allem an de Nuechte net ausgeschloss ginn, iwwerdeems d’Temperaturen dagsiwwer awer gréisstendeels am däitleche Plus leie wäerten.

Mir starten um Méinde mat ville Wolleken an den Dag eran an och am weidere Verlaf wäert sech dat net groussarteg änneren. Eng Mëschfront (Okklusiounsfront) zitt am Nomëtten iwwer Lëtzebuerg ewech, wouduerch et gro bleift an et verbreet wäert naass ginn. Plazeweis an zäitweis kann de Reen och e bësse méi kräfteg ausfalen. 4 bis 9 Grad sinn ze erwaarden, de Wand bléist an de Spëtzte mat bis zu 40 km/h.

D’Loftmasseverdeelung bis de Sonnden (GFS – wxcharts.com)

Um Dënschden zéien eng ganz Partie Wolleken duerch, mat ganz vill Chance kann et awer lokal mol fir e sonnege Moment duergoen. Vereenzelt Schauere kënnen awer grad esou gutt mol virkommen, dat bei Maximaltemperature vu 4 bis 7 Grad. An der Nuecht op de Mëttwoch gëtt et manner wollekeg, d’Temperature ginn op de Gefréierpunkt zréck. Et kann also rem glat ginn. Um Mëttwochmoie starte mir mat Temperature vu 0 bis 2 Grad an den Dag eran, glat Stroosse sinn also weiderhi méiglech. Dagsiwwer gi 5 bis 9 Grad areecht, trotz ville Wolleke bleift et awer mol nach drëchen. Réischt um spéideren Owend an an der Nuecht op den Donneschde gëtt et duerch d’Ukomme vun engem Déif méi naass bei eis. D’Wäerter falen op e Neits op 3 bis 0 Grad, op de Koppe ka Schnéi dobäi sinn.

Zweet Wochenhalschend

An der zweeter Wochenhalschend komme mir de Modeller no kuerzzäiteg och mol ënnert den Afloss vun héijem Loftdrock, wat awer ni vu langer Dauer wäert sinn. Ëmmer rem ka mol eng Kalfront aus Westen eragerauscht kommen. Aus aktueller Siicht gesinn zitt den Donneschden en Déifdrockgebitt méi oder manner zentral iwwert eis ewech a bréngt eis vill Wolleken an och Reen. D’Temperature packen et op 4 bis 8 Grad. De Freide gëtt et viraussiichtlech meeschtens gro, et sollt awer gréisstendeels drëche bleiwe bei 5 bis 8 Grad.

De Samsde gesäit mat potenziell sonnege Momenter schon e bësse méi frëndlech aus, och wann et ufanks nach méi gro kéint sinn. Am Nomëtte gi 7 bis 10 Grad areecht. Och de Sonnde kéint e rouegen Dag ginn, wann och e Stéck méi gro. 8 bis 13 Grad si méiglech.