De Wochenausbléck: Héichdrock iwwer Mëtteleuropa brécht zesummen, variabel zweet Wochenhallschent

Nach huet héije Loftdrock d’Soen iwwer d’Wieder, mee geschwënn ass et riwwer domat. Et gëtt immens variabel, dat kuerzzäiteg erëm mat mëlle Loftmassen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Héije Loftdrock erstreckt sech de Moment vun de britteschen Inselen aus iwwer Mëtteleuropa bis an de Südoste vun Europa. Dës Wiederlag ass de Moment och nach Schold um deels méi décke Niwwel, deen mir an de fréie Moiesstonnen hunn. Vu Mëtt der Woch un wäert et domat awer eriwwer sinn, well sech de ganzen Héichdrockafloss engersäits a Richtung Skandinavien an anerersäits an den déiwe Südoste vum Kontinent verzitt. Aus Westen ass d’Dier op fir Déifdrockgebitter an hir Frontesystemer, déi eis ëmmer erëm Reen a Wand kënne bréngen. Duerch déi südwestlech Stréimung si kuerzzäiteg nach eng Kéier méi mëll Loftmassen dobäi, déi dann de Weekend deemno wéi kënnen duerch fréiwanterlech Loftmassen ausgetosch ginn.


Déi viraussiichtlech Ännerung vun de Loftmassen bis de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Den Dag vu muer verleeft esou änlech wéi deen vun haut. Soubal de Niwwel duerch ass, weise sech Sonn a Wolleken an et bleift dréchen. An der Nuecht ginn d’Temperature nach eng Kéier op lokal 0 Grad oder liicht drënner zréck, soss leie mir meeschtens am Plus. Um Dënschde selwer si Maximaltemperature vun tëscht 10 a 14 Grad ze erwaarden. E Mëttwoch erreechen eis aus Südweste lues a lues déi ugeschwat méi mëll Loftmassen, wouduerch d’Temperaturen am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 13 a 17 Grad klammen. Vum Owend un ass aus Südwest hier mat engem Frontenduerchgang ze rechnen, deen eis (lokal méi kräftegen) Reen bréngt. Zu dësem Zäitpunkt ass och mat engem méi stramme Wand ze rechnen.

Och en Donneschden wier ëmmer erëm mat Reen ze rechnen, iwwerdeems d’Temperaturen e Maximum vun tëscht 17 an 21 Grad erreechen. Wéi et duerno virugeet, ass e bëssen Onsécher. Dem amerikanesche Modell no bleift et e Freiden dréchen, den europäeschen ECMWF gesäit awer eng weider Front mat Reen duerchzéien. D’Temperature klammen op tëscht 12 a 15 Grad.

Fir de Weekend gëtt et ënnerschiddlech: Den europäesche Modell rechent domat, dass mir méi oder manner ënnert de méi mëlle Loftmasse leie bleiwen. Den amerikanesche Modell gesäit awer méi déi fréiwanterlech Loftmassen aus dem héije Nordosten bis an eis Géigende kommen, virun allem de Norde vum Land. Déi nächst Deeg entscheede Modell-technesch also driwwer, wéi eng Säit vun den zwee wäert gewannen. Heizou kënnt haut och nach en détailléierten Artikel.