De Wochenausbléck: Héichdrockafloss dominéiert bis e Sonnden an driwwer eraus

Mam Wochenausbléck si mir dës Kéier séier duerch, well eise markanten Héichdrockafloss nach keng gréisser Ännerungen zouléisst. Grad esou gutt, soulaang sech de Niwwel ëmmer verzitt.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Momentan läit en Héichdrockgebitt mat sengem Kär iwwer Däitschland, deen sech an de nächsten Deeg net nëmmen hin an hier wäert beweegen, mee och ëmmer erëm nei Kären iwwert eisem Kontinent opbaut.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis e Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

Kuerzgesot: D’Héichdrockwieder bleift eis déi ganz Woch iwwer erhalen, Déifdrockausleefer hu kaum Chancen sech ze weisen. Mat enger klenger Warscheinlechkeet geléngt Mëtt nächster Woch den Duerchbroch vun engem Changement, mee dat bleift ofzewaarden.

De Verlaf

Den Dag vu muer verleeft aller Viraussiicht no änlech. D’Chancen, dass sech de Niwwel opgeléist kritt oder vun Ufank u kee gréissert Thema ass, sinn ëmmer nach erhéicht. Mir starte mat knackegem Frascht vu bis ëm -10°C an den Dag, duerno ginn tëscht 1 a 4 Grad erreecht. E Mëttwoch ass d’Warscheinlechkeet, dass et gro bleift, méi héich. Dëst läit dorun, dass e geréngen Déifdrockausleefer als kleng Stéierung fungéiert. Lokalen a gerénge Nidderschlag ass net onméiglech. D’Temperature leie fir unzefänke just nach am nidderege Fraschtberäich, ier se am Nomëtten op tëscht 2 a 5 Grad klammen. En Donneschde sinn d’Chancen op Sonn erëm liicht besser, bei -1 bis 2 Grad um fréie Moien an 2 bis 5 Grad am Dag setzt sech de liicht méi mëllen Trend fort.

Och fir d’Deeg drop deit sech un, dass am Dag Plusgraden erreecht ginn – deels esouguer bis zu 6 oder 7 Grad. An de Nuechte geet et nach bis an de liichte Fraschtberäich zréck. All Kéiers ass just ze hoffen, dass sech de Niwwel zäitlech verzitt.