De Wochenausbléck: Héichdrockafloss hëlt a Richtung Enn der Woch of

Trotz héijem Loftdrock hu mir et dobausse mat vill Sonn ze dinn – dat, well et sech ëm dréche Loftmassen handelt. En Ëmschwong ass awer schonn erëm um Horizont ze erkennen.

D’Grousswiederlag

De Moment leie mir Héichdrockafloss, deen sech vun de britteschen Inselen aus iwwer BeNeLux an Däitschland bis an den Oste vun Europa erstreckt. Eng kleng Stéierung a Form vun engem Déif läit iwwert dem Weste vu Frankräich, wat an de leschte Stonnen beispillsweis zu Paräis fir chaotesch Stroosseverhältnisser duerch Schnéi an Äis gesuergt huet.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Bis e Freide verlagert sech en Héich vun de britteschen Inselen a Richtung Westeuropa, wouduerch sech bis dohi net all ze vill un eisem Wieder ännert. E Samsde sollte mir och nach ouni gréisser Changementer doduerchkommen, mee vun e Sonnden u kéint dann erëm en Déifdrockgebitt aus Norden eragedréckt kommen.

De Verlaf

Haut um Dënschden erwaart eis e richteg frëndlechen Dag. De Moment (09:28 Auer) leien d’Temperaturen tëscht -5 a -7 Grad, zu St-Hubert an der Belsch sinn et beispillsweis -9 Grad. Fir de Rescht vum Dag sollten d’Wäerter éischter net iwwert de Gefréierpunkt erauskommen, iwwerdeems et awer frëndlech a sonneg bleift. Bis muer de Moie fréi sinn erëm Déifstwäerter vun tëscht -7 a -3 Grad ze erwaarden, Nidderschléi si keng dobäi.

Muer um Mëttwoch starte mir viraussiichtlech mat e puer Wolleken an den Dag eran, dat eben duerch dat klengt Déif iwwer Frankräich. Am Laf vun de Stonne kënnt d’Sonn sech awer erëm weisen, et zéien dann just nach e puer eenzel Wolleken duerch. D’Temperature packen et op -1 bis 1 Grad.

En Donneschde geet et erëm sonneg virun, e Freide kommen e puer Wolleken dobäi. En Donneschde sinn d’Dageshéchstwäerter bei tëscht 3 a 6 Grad ënnerwee, e Freide bei -1 bis 2 Grad. Wa mir op de Weekend kucken, da soll et vun e Sonnden u méi wackeleg ginn. Aus nërdleche Richtunge soll en Déifdrockgebitt an eisen Aflossberäich eragezu kommen, wat och d’Warscheinlechkeet vu Schnéi an d’Luucht dréckt. Méi dozou awer an engem aneren Artikel. D’Temperaturen erreechen -1 bis 1 Grad.