De Wochenausbléck: Héichdrockafloss kritt sech ëmmer méi duerchgesat

An dëser neier Wiederwoch kritt sech den Héichdrockafloss no a no besser bei eis duerchgesat, wouduerch et och manner naass gëtt.

D’Grousswiederlag

Bis de Mëttwoch inclus leie mir ënnert enger nach éischter südwestlecher bis westlecher Stréimung, déi eis vill Wolleken an heiansdo mol nach eng Schauer bréngt. Vun der zweeter Wochenhallschent un wandert en Héichdrockgebitt vum südwestleche Frankräich eriwwer a Richtung Däitschland a schëppt op senger Récksäit erëm däitlech méi waarm Loftmassen op Lëtzebuerg.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

De Verlaf

Mir starte mat engem zimmlech wollekegem Dag an déi nei Woch eran, dobäi kann et dotëscht zu vereenzelte Schauere kommen. Vun de Quantitéiten hier ass awer net wierklech eppes nennenswäertes ze erwaarden, eis Temperature klammen op e Maximum vun 11 bis 14 Grad. De Wand ass spierbar ënnerwee. Den Dënschde wiessle sech Sonn a Wolleken of, virausgesat de Niwwel kritt sech opgeléist. Eréischt vum Owend u klëmmt erëm d’Warscheinlechkeet vun enger Schauer. D’Temperaturen ännere nach net grouss, 10 bis 13 Grad sinn ze erwaarden. Och de Mëttwoch bleiwe mir an dësem Beräich leien, schwaach Schauere sinn ze erwaarden – eenzel sonneg Momenter sinn awer grad esou ze erwaarden.

Kucke mir op déi zweet Wochenhallschent, da fält op, dass et tendenziell méi sonneg gëtt. Dobäi däerfe mir awer net vergiessen: et ass mëttlerweil Hierscht! A wéi et fir en Hierscht, mee grad esou och Wanter esouwéi och Fréijoer üblech ass, sinn Héichdrocksituatiounen den Ausléiser vum sougenannte Niwwel-Lotto. Trotz virausgesoter Sonn kann et also ënner Ëmstänn sinn, dass et duerch de Niwwel awer de ganzen Dag gro bleift – de Niwwel ass ënner Ëmstänn nämlech schwéier anzeschätzen.

Dovun ofgesinn gëtt et awer méi dréchen, d’Temperature maache nach kee weider relevante Saz no uewen. Den Donneschde si mir bei 10 bis 13 Grad ënnerwee, de Freide mat 10 bis 12 Grad an de Samsde mat 11 bis 14 Grad. Et ass eréischt an den Deeg drop, wou et erëm a Richtung 16 Grad goe soll.