Heiansdo hu mir dann awer nach e bësse Chance an et gëtt besser wéi virun e puer Deeg nach simuléiert. Aktuellem Stand no suergt geschwënn en Héichdrockgebitt fir e klengen Trouscht.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Fir de reeneregen Optakt vun der Woch ass en Déifdrockgebitt verantwortlech, wat mat sengem Kär matten iwwer Frankräich zirkuléiert. De Reen ass awer schonn amgaangen, an de Schauermodus iwwerzegoen – mat vill Chance weist sech haut um Méinden also och mol nach d’Sonn dotëscht.
Dat selwecht Déif wäert sech bis muer an de spéidere Nomëtten eran ganz an de Südoste vu Frankräich verlagert hunn an eis domat nach minimal beaflossen, ier et dat dann awer och gewiescht ass. Vun de britteschen Inselen hier kënnt dat besot Héich an d’Spill, wat sech mat e bësse Chance esouguer bis e Sonnde ka bei eis halen.
De Verlaf
Muer um Dënschde wiessle sech Sonn a Wolleken of, dotëscht kënnt mol nach eng Schauer erof – esou naass wéi um Méinde gëtt et awer net méi. D’Temperature klammen op viraussiichtlech 14 bis 18 Grad. E Mëttwoch ass d’Schauerwarscheinlechkeet nach en Tick méi niddereg, gréisser komplett dréche Flecke sinn also warscheinlech. D’Sonn kënnt sech weisen. Vum Donneschde bis e Sonnde rechent den europäesche Modell e frëndleche Mix aus Sonn a Wolleken – den amerikanesche Modell änlech, mee mat der Warscheinlechkeet vu fläit e puer eenzelne Schauere vum Weekend un.
En Donneschde packe mir et op bal 20 Grad, e Freide si mir liicht driwwer. Fir de Weekend selwer schaffe mir eis a Richtung 23/24 Grad.
Fir den Artikel ofzeschléissen nach d’Randnotiz, dass dei aktuell Modeller (also Momentopnam) erëm däitlech méi turbulent Zenarien fir déi nächst Woch undeit, déi fläit an där enger oder aner Donnerwiederlag kéint resultéieren. Méi dozou wann et gräifbar ass.