De Wochenausbléck: Héichdrockafloss vum Donneschden un, dann och méi waarm

Dës Woch reent et zwar manner wéi an der leschter Woch, mee ganz ouni Nidderschléi komme mir awer och net doduerch. Virun allem vum Donneschden u geet d’Warscheinlechkeet dofir méi wäit zréck an et gëtt méi waarm.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Bis de Mëttwoch inclus läit e gréisseren Déifdrockkomplex iwwer Skandinavien, iwwerdeems sech vun de britteschen Inselen aus eng Héichdrockbréck bis an den Oste vum Kontinent erstreckt. Doduerch erreechen eis mol nach keng méi waarm Loftmassen & aus Nordweste kann et ëmmer mol nach zäitweis zu e puer Schauere kommen.


Et ass gutt ze erkennen, wéi am Laf vun der Woch déi méi waarm Loftmassen op eis duerkommen | Animatioun: wxcharts.com

Vum Donneschden un kënnt aus westleche Richtungen e gréissert Déifdrockgebitt an d’Spill, wat mam Héichdrock iwwer Mëtteleuropa interagéiert. Duerch dës Konstellatioun erreechen eis erëm méi waarm an och méi dréche Loftmassen aus dem Südweste vun Europa. Et gëtt e gutt Stéck besser wéi mir et de Moment hunn, an awer sollt ee sech net ze vill vun dësem Comeback erwaarden.

De Verlaf

Haut um Méinde si vill Wolleken ënnerwee, dotëscht weist sech awer d’Sonn och mol. De Reen hält sech, wéi virausgesot, gréisstendeels zréck a ka sech just lokal mol a Form vun enger Schauer weisen. D’Temperature leien de Moment tëscht 16 an 21 Grad a sinn domat esouguer e Stéckche méi wäit geklommen wéi erwaart. Den Dag vu muer, den Dënschde, gëtt en änlechen. Et si vill Wolleken ënnerwee, dotëscht ka sech d’Sonn mol weise kommen. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 16 an 20 Grad. Et besteet eng kleng Warscheinlechkeet vun enger eenzelner Schauer – virun allem an der Nuecht op de Mëttwoch ass d’Warscheinlechkeet e bësse méi héich.

E Mëttwoch selwer kënnt et an der éischter Dageshallschent mol nach zu eenzelne Schaueren, duerno erwaart eis awer e frëndlechen Dag mat vill Sonn a just e puer eenzelne Wolleken. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 18 an 22 Grad. En Donneschde gerode mir, wéi gesot, méi ënner Héichdrockafloss. Sonn a Wolleke wiessle sech of, dobäi ass mat Maximaltemperature vun tëscht 22 a 25 Grad ze rechnen. E Sonn-Wollekemix ouni Reen steet och fir de Freiden un, dat bei 24 bis 27 Grad. Laanscht d’Musel kënnen och 28 Grad net ausgeschloss ginn.

De Weekend iwwer hu mir et e Samsde mat engem klengen Donnerwiederrisk ze dinn, et sollt dem momentane Stand no awer meeschtens dréche bleiwe bei 22 bis 25 Grad. E Sonnde si mir bei 23 bis 26 Grad ënnerwee, virun allem vum Owend un erreechen eis méi déck Wolleken.