De Wochenausbléck: Héichsummer mat iwwer 30 Grad ze erwaarden

An dëser Wiederwoch leet sech en Héich iwwer Mëtteleuropa. Duerch en Déif iwwert dem Atlantik gi waarm an héichsummerlech Loftmassen op Lëtzebuerg gedro.

Héichsummer um Wee op Lëtzebuerg

Aus dem déiwe Südweste vun Europa ginn eis dëst Woch summerlech bis héichsummerlech Loftmassen zougespillt. Eis Temperature klammen also op bis zu 30 Grad an driwwer, iwwerdeems rem kaum mat Reen ze rechnen ass.

Mir starten d’Woch mat engem Sonn- Wollekemix um Méinden, haaptsächlech an de fréie Moiesstonne besteet nach eng minimal Warscheinlechkeet vun enger Schauer. D’Temperature leien tëscht 11 a 15 Grad an areechen am Nomëtten e Maximum vun 21 bis 25 Grad. De Wand ass nëmme liicht aus nërdleche Richtungen ze spieren. An der Nuecht op den Dënschde kläert et op, et si kaum nach Wolleken ënnerwee. D’Wäerter ginn op 14 bis 11 Grad zréck, ier mir mat 14 bis 16 Grad an den Dënschden erastarten. Et gëtt en Dag mat vill Sonn, et zéien héchstens mol eenzel an harmlos Wolleken duerch, wann iwwerhaapt. Am Nomëtte gi Maximalwäerter vu 25 bis 30 Grad areecht, an der Nuecht op de Mëttwoch killt et op 17 bis 12 Grad of.

Esou kommen déi waarm Loftmassen op Lëtzebuerg (GFS – wxcharts.com)

Klengen Donnerwiederrisk Enn der Woch?

De Mëttwoch ass d’Sonn rem de ganzen Dag um RDV, d’Temperature starte moies bei 16 bis 18 Grad a packen et am Nomëtten op 26 bis 31 Grad. Genee wéi och um Dënschden, zéien héchstens mol e puer kleng an dekorativ Wolleken duerch. De Wand bléist spierbar aus Osten a packt et an de Spëtzten op 40 km/h. Den Donneschden ännert sech net vill, et gëtt sou änlech wéi e Copy & Paste vum Mëttwoch. D’Temperature klammen op 27 bis 32 Grad.

Um Freide, Samsden a Sonnde besteet aus aktueller Siicht gesinn (22.06.2020 02:32 Auer), d’Warscheinlechkeet vun dem engen oder anere Wieder. Détailer dozou kann een awer nach keng ginn. Temperaturtechnesch sollte mir um Freide bei maximalen 30 bis 33 Grad ënnerwee sinn, um Samsde bei 26 bis 30 Grad an um Sonnde bei 25 bis 31 Grad.