De Wochenausbléck: Héije Loftdrock a net méi sou vill Nidderschléi

Nodeems sech de Weekend de Wanter a Form vun enger dënner Schnéicouche zréckgemellt huet, geet et an der neier Woch mat manner Nidderschléi virun.

Weiderhi Frascht, mee och sonneg

An der neier Woch mecht sech haaptsächlech héije Loftdrock iwwert eis breet. Dëst heescht, dass et engersäits net méi sou vill reenen oder schneie wäert an anerersäits, dass mir et mat ville frëndleche Momenter ze di kréien. Déi eenzeg Viraussetzung ass awer wéi ëmmer déi, dass sech de Niwwel opléise muss. Grad an de Wanterméint ass d’Sonnenastralung awer net sou staark, soudass et demno wéi de ganzen Dag niwwleg bleiwe kéint. Stëchwuert: Niwwel-Lotto.

Mir starten mat enger Partie Wolleken an déi nei Woch eran, tëschenduerch kënnt sech d’Sonn awer och mol weisen. Um Méinde si Maximaltemperature vun 3 bis 5 Grad ze erwaarden, dat bei engem liicht spierbare Wand aus Nordwesten. An de Spëtzten ass mat em 30 km/h ze rechnen. Et sollt meeschtens drëche bleiwen. Och an der Nuecht op den Dënschde si nach eng Partie Wolleken ënnerwee, Niwwelfelder wäerten der awer och drënner sinn. D’Temperature falen op 3 bis 0 Grad. Glat Stroosse kënnen also och rem en Thema ginn.

D’Grousswiederlag bis de Sonnden (GFS – wxcharts.com)

Um Dënschden an och um Mëttwoch hänkt et ganz vum Niwwel of, ob mir et mat frëndlechen Deeg ze di kréien oder net. Leeft alles no Plang an de Niwwel verschwënnt séier genuch, da kréie mir um Dënschde wéi och um Mëttwoch schéi frëndlech Deeg mat vill Sonn. Um Dënschde klammen d’Temperaturen op 4 bis 6 Grad, um Mëttwoch op 3 bis 6 Grad. A béide Nuechte falen d’Temperaturen op 0 bis -4 Grad, an der Nuecht op den Donneschde kënne lokal eventuell bis em -6 Grad areecht ginn.

Héichdrockafloss hëlt lues a lues of

Um Donneschde misste mir nach gutt vum Héichdrockwieder profitéiere kënnen. Dat rem mat vill Sonn, e puer klengen an harmlose Wolleken an Temperaturen déi et op 3 bis 6 Grad als Maximum packen. An der Nuecht op de Freiden ass rem Frascht mat bis -3 Grad dobäi, inkl. Gefor vu glate Stroossen.

Vum Freiden u soll den Héichdrockafloss dann awer den aktuelle Modellrechnunge no ëmmer méi ofhuelen. Et maache sech rem méi Wolleke bei eis breet, déi eis lokal och Schauere brénge kënnen. De Freide klammen d’Temperaturen op -1 bis 3 Grad, um Samsde soll et mat 4 bis 7 Grad rem e gutt Stéck méi mëll ginn. Méi Nidderschléi kënnen da wahrscheinlech um Sonnden optrieden, wou et de ganzen Dag no engem éischter bedeckten Himmel ausgesäit.