De Wochenausbléck: Héije Loftdrock an der Haaptroll

An der neier Wiederwoch huet héije Loftdrock d’Soen, iwwerdeems just heiansdo mol eenzel Stéierungen optriede kënnen.

Nidderschléi maache sech weiderhi rar

Schonn am Laf vum Sonnde konnt sech ëmmer méi en Héichdrockgebitt iwwert eis breetgemaach, wat bis den Dënschde méi stabil gëtt. Um Mëttwoch schrammt dann en Déif laanscht, duerch dat et punktuell zu geréngfügegem Nidderschlag komme kéint. An der zweeter Wochenhallschent sollt sech awer e weidert Héichdrockgebitt iwwer Mëtteleuropa leeën.

De Méindemoien hu mir am Norde vum Land mat engem kille Start an den Dag ze rechnen, haaptsächlech an den Däller. D’Temperature leien tëscht 2 a 5 Grad, op Buedemhéicht kënnen d’Wäerter esouguer liicht ënnert de Gefréierpunkt falen. Buedemfrascht kann also net ganz ausgeschloss ginn, besonnesch op Plaze wéi Schëmpech. Soss leien d’Wäerter tëscht 9 an 12 Grad uechtert Land. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 18 bis 23 Grad areecht, et ass frëndlech a sonneg wa sech de Niwwel opgeléist huet. Um Owend an an der Nuecht killt et erëm gutt of, bis zu 4 Grad kënne plazeweis erëm areecht ginn. Meeschtens si mir awer bei tëscht 6 an 11 Grad. Um Dënschdemoie starte mir och mat dëse Wäerter an den Dag eran, deen iwwrëgens erëm e schéi sonnegen a frëndleche gëtt bei Maximalwäerter vun 20 bis 26 Grad. Laanscht Musel ginn déi héchst Temperaturen areecht.


D’Loftmasseverdeelung vum Méinde bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

Mëtt der Woch liicht méi variabel

Mëtt der Woch hëlt den Héichdrockafloss kuerzzäiteg of, et gëtt méi wollekeg an et besteet eng kleng Schauerwarscheinlechkeet. Um Mëttwochmoie starte mir mat Temperature vun tëscht 13 a 15 Grad an den Dag eran, am Nomëtte gëtt e Maximum vun 21 bis 27 Grad areecht. Et gëtt méi wollekeg, ganz lokal kann et naass ginn. Meeschtens bleift et awer dréchen. Och um Donneschde besteet viraussiichtlech eng kleng Schauerwarscheinlechkeet, mee och d’Sonn ka sech tëscht den deels méi kompakte Wolleke weise kommen. 17 bis 23 Grad stinn um Programm. Den Héichdrockafloss stabiliséiert sech spéitstens vum Freiden un erëm, d’Sonn ka sech no a no besser weise kommen an eis Temperature beweege sech méi a Richtung 25 Grad an driwwer. Um Freide wiessle sech Sonn a Wolleke bei 21 bis 26 Grad of, genee wéi och um Samsde bei 18 bis 25 Grad. De Sonnde soll et aus aktueller Siicht gesinn de ganzen Dag schéi sonneg sinn, dat bei Maximalwäerter vun 20 bis 25 Grad.