Déi éischt Hallschent vun der neier Wiederwoch ass nach zimmlech variabel, ier sech héije Loftdrock bei eis duerchsetzt. Et gëtt zwar dann méi sonneg, mee och de Niwwel wäert erëm eng Roll spillen.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Nach bis en Donneschdemëtte leie mir ënnert dem Afloss vun déiwem Loftdrock, deen sech vum Atlantik an och dem skandinavesche Raum erof a Richtung Lëtzebuerg erstreckt. Spéitstens an der Nuecht op e Freide soll sech vun der Nordséi hier héije Loftdrock ausbreeden, deen sech de Weekend iwwer esouguer op gréisser Deeler vum Kontinent ka verdeelen. Dëst géif eng däitlech méi roueg Phas mat sech bréngen.
De Verlaf
Haut um Méinden ass et gréisstendeels gro, elo am Nomëtte passéiert eis eng Kalfront mat flächendeckendem Reen. Der Prognos fir haut no sollten et d’Temperaturen op 11 bis 16 Grad packen, aktuell leie se zu Schengen awer knapp ënner 18 Grad – wéi gëschter ass et also erëm e gutt Stéck méi waarm wéi vun de Berechnungen ageschat. Muer um Dënschde leie mir tëscht zwee Déifdrockgebitter: Et bleift wollekeg, zäitweis weist sech d’Sonn. E bësse Reen ass net onméiglech, vill wäert et awer net sinn. 6 bis 10 Grad sinn ze erwaarden, de Wand bléist erëm spierbar aus Süd-Südwesten. E Mëttwoch gëtt et erëm méi interessant, well e klengt Randdéif mat sengem Kär vun der Nordséi hier iwwer Nordrhein-Westfalen wäert ewechzéien. D’Kalfront dovun erwëscht eis och erëm, duerch déi et gro, naass an och lëfteg bleift. 6 bis 10 Grad stinn erëm um Programm.
En Donneschden ass de fréisten Dag, un dem sech den héije Loftdrock, laut Modeller, kann duerchsetzen. De méi pessimistesche Modeller no wier dat spéitstens an der Nuecht op e Freiden de Fall. Well op der Récksäit vum ugesote klengen Déif kill Loftmassen op Lëtzebuerg komme, wieren aus momentaner Siicht gesinn nach 4 bis 7 Grad als Maximum ze erwaarden. E Freiden, Samschden an och um Sonnden bleift et roueg an et gëtt esouguer frëndlech, falls sech dann de Niwwel fréi genuch opgeléist kritt. D’Temperature beweege sech am Dag awer “just” tëscht 3 a 6 Grad, an de Nuechte kann et zumools an den Däller am Norden an de liichte Fraschtberäich zréckgoen.