De Wochenausbléck: Héije Loftdrock bréngt d’Sonn zréck op Lëtzebuerg

Déi vill gro Deeg mat déckem Niwwel, Wolleken a liichtem Reen ginn op en Enn. Héichdrockwieder bréngt elo d’Sonn erëm, soubal sech all Moien de Niwwel dann och opgeléist huet.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Dës Woch iwwer wäert quasi stänneg héije Loftdrock um Wierk sinn, deen sech vum Atlantik aus iwwert déi brittesch Inselen iwwer Mëtteleuropa bis ganz an den Oste vum Kontinent erstreckt. Duerch d’Stréimungsmuster, wat dobäi entsteet, bleiwen eis déi richteg kal Loftmassen erspuert – se gi méi iwwert den Oste vum Kontinent ëmgeleet an erwëschen esouguer Deeler vum Balkan & dem Oste vum Mëttelmierraum.


Eng stabil Héichdrockbréck kritt sech bis e Sonnden inclus duerchgesat | Animatioun: wxcharts.com

Vun den Temperaturen ofgesinn stellt sech eng immens roueg Wiederlag an, déi och esou richteg frëndlech ka ginn. Dat eenzegt wat dofir néideg ass ass, dass sech de Niwwel an de Fréistonnen opléist. Meeschtens steet dann engem frëndlechen Dag mat vill Sonn net méi vill am Wee.

De Verlaf

De Méinde gëtt nach en Iwwergangsdag. Et sinn ëmmer nach e puer Niwwel- a Wollekefelder ënnerwee, d’Sonn kënnt sech awer weisen. Reen steet kee méi um Programm, d’Temperature klamme vun tëscht -3 a 0 Grad an de Fréistonnen op 3 bis 5 Grad am Nomëtten. En Dënschden trëtt dann d’Ännerung an, dass sech d’Wolleke net méi esou vill weisen an d’Sonn um laangen Hiewel ass, esoubal sech de Niwwel opgeléist huet. Klappt alles no Plang, da gëtt den Dënschden en immens frëndlechen Dag bei Maximaltemperature vun tëscht 3 a 5 Grad. Och de Mëttwoch soll dann en änlechen Dag ginn, och temperaturméisseg bleiwe mir um selwechte Niveau ënnerwee. Tëscht 3 a 5 Grad stinn un.

En Donneschde starte mir mat engem klore bis liicht wollekegem Himmel an den Dag, plazeweis bleiwe Niwwelfelder awer net ganz aus. Vun tëscht -7 a -4 Grad geet et am Nomëtten op tëscht 2 a 4 Grad erop. D’Sonn kritt sech de Modeller no duerchgesat, eréischt vum Owend u kommen aus Westen e puer Wolleken eragezunn. E Freide, Samsden an e Sonnde solle just heiansdo mol e puer eenzel Wolleken duerch, d’Sonn huet ëmmer nach gutt Chancen. No nach eng Kéier 2 bis 4 Grad e Freide klammen d’Wäerter e Samsden an de Sonnden op tëscht 5 a 7 Grad.