De Wochenausbléck: Héije Loftdrock kritt sech erëm duerchgesat

De Weekend iwwer an och haut um Méinden hu mir et mat éischter déiwem Loftdrock ze dinn/ze dinn gehat. An de nächsten Deeg bessert sech d’Situatioun awer erëm.

Grousswiederlag

Haut um Méinde läit en Déifdrockgebitt direkt iwwert eise Käpp an huet eis bis elo e puer Schauere bruecht, laanscht de Südoste vum Land konnt et op der franséischer an däitscher Säit och zu eenzelnen Donnerwieder kommen. Dëst onbestännegt Wieder wäert vu muer un awer ofhuelen. Et mécht sech erëm héije Loftdrock iwwert dem Kontinent breet.


D’Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Déi éischt Wochenhallschent

Haut um Méinde ware mir jo, wéi gesot, mat ville Wolleken an och eenzelne Schaueren ënnerwee. D’Sonn ass trotzdeem mol luusse komm. Muer um Dënschde wäerte mir och nach e bëssen eppes dovunner hunn – vill Wolleken, heiansdo e sonnege Moment a fläit och mol eng Schauer mat klengem Donnerwiederrisk dotëscht. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 11 a 15 Grad. Vum Mëttwoch un geet déi kleng Schauerneigung zréck, trotz nach e puer méi décke Wolleken. D’Sonn kënnt sech dotëscht och ëmmer erëm weisen, d’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 13 an 18 Grad. Vun den Temperaturen hier ännert also net vill.

Déi zweet Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent weist sech nach besser, dass den héije Loftdrock erëm um laangen Hiewel ass. Den Donneschden ass et schéi sonneg bei e puer eenzelne Wolleken, d’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 17 an 21 Grad. Et bleift dréchen. Um Feiden bleift et frëndlech, am Laf vum Dag gëtt et just e bësse méi wollekeg. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 16 an 20 Grad. Um Samsde solle sech Sonn a Wolleke viraussiichtlech ofwiesslen, dat bei 12 bis 18 Grad. Um Sonnde sinn zwar och déck Wolleken ënnerwee, mee reene sollt et net. D’Sonn ass och ni ganz fort, dat bei 12 bis 17 Grad.