De Wochenausbléck: Héije Loftdrock mat e puer Stéierungen

An der neier Wiederwoch sti mir gréisstendeels ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock, och wann een dat zäitweis net menge géif.

Zäitweis méi gro Passagen

De Gros vun der neier Woch leie mir ënner Héichdrockafloss. An der éischter Wochenhallschent huet eis en Héich, wat méi iwwert dem südleche Kontinent läit, am Grëff. An der zweeter Hallschent kréie mir erëm bëssen eppes vun engem Héich aus dem Norde mat a fir ofzeschléisse méiglecherweis erëm aus dem Süden.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

Ier sech dat awer bemierkbar mécht, starte mir de Méinde mat ville Wolleken an och nach e bësse Reen an d’Woch eran. Eng maskéiert Kalfront läit ëmmer nach iwwert eis a verléisst eis lues a lues a Richtung Süden. D’Temperature leien am Ufank bei 3 bis 6 Grad a klammen am Nomëtten op e Maximum vu 7 bis 9 Grad. Déi vill Wolleke bleiwen, et gëtt awer no a no méi dréchen. De Wand ass net wierklech spierbar. Um Dënschden ännert sech dat ganzt e bëssen, et gëtt méi frëndlech. Soubal sech den deels méi décke Niwwel, dee sech an de fréie Moiesstonnen entwéckle kann, opgeléist huet, ka sech d’Sonn ëmmer besser duerchsetzen. Am Nomëtte si Maximaltemperature vu 6 bis 8 Grad ze erwaarde nodeems et um Moie mat 2 bis 5 Grad zimmlech kill war. Um Mëttwoch sinn erëm eng ganz Partie Wolleken ënnerwee, déi och méi kompakt kënne sinn. D’Sonn huet keng all ze grouss Chancen, mee probéiert et heiansdo awer. 7 bis 10 Grad stinn un, et sollt dréche bleiwen.

Niwwel huet och e Wuert matzeschwätzen

Um Donneschde starte mir viraussiichtlech mat méi décke Niwwelfelder an den Dag eran, d’Temperature leien tëscht -1 a 5 Grad. Glat Stroosse kënnen aus aktueller Siicht gesi net ausgeschloss ginn. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 7 bis 10 Grad erwaart, soubal de Niwwel fort ass ka sech d’Sonn duerchsetzen an et gëtt frëndlech an dréchen. De Freide gëtt et viraussiichtlech erëm méi gro, dat duerch Niwwel- oder Héichniwwelfelder. 6 bis 9 Grad stinn um Programm. De Samsden hätte mir eng änlech Situatioun, d’Sonn ka sech eréischt weise komme wann de Niwwel dat zouléisst. 6 bis 9 Grad. Um Sonnde kann et de ganzen Dag sonneg ginn, mee och réischt wann de Niwwel verschwonn ass. 3 bis 6 Grad.