De Wochenausbléck: Héije Loftdrock mat Potenzial fir Stéierungen

Et ass méi dréche ginn zu Lëtzebuerg, dat duerch héije Loftdrock. Dësen héije Loftdrock soll sech dem momentane Stand no awer net all ze laang halen, eng Ëmstellung op eng méi turbulent Nordweststréimung ass méiglech.

Advertisement

D’Grousswiederlag

D’Situatioun mam héije Loftdrock wäert sech mol nach sécher bis Mëtt der Woch esou halen. Am Fall vun de Moment handelt et sech ëmt eng Héichdrockbréck, déi sech vun den Azoren aus iwwer Mëtteleuropa bis eriwwer a Russland erstreckt. Dëst Gebitt blockéiert fir limitéiert Zäit d’Zoufuer vun Déifdrockgebitter aus Westen, et gëtt also méi roueg bei eis. Vum Donneschden u soll dann awer trotzdeem den een oder anere Versuch gestart ginn, den héije Loftdrock vun heiheem ze verdrängen. Spéitstens e Sonnden oder e Méinde soll et geschéien.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Et hänkt an de nächsten Deeg villes vum Niwwel of. Soubal dësen awer fort ass, erwaart eis meeschtens e Mix aus méi décke Wolleken, mee awer och heiansdo sonnegen Ofschnëtter. Och haut ass dat de Fall, wann de Niwwel dann verschwënnt. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht -1 bis 3 Grad. Muer um Dënschde sinn et 0 bis 3 Grad, et ännert sech net vill. Et ass mat méi décke Wolleken ze rechnen, mat Chance sinn awer kuerz sonneg Momenter méiglech – wann de Niwwel verschwënnt souwisou.

Déi zweet Wochenhallschent

Och e Mëttwoch ännert sech net vill bei Dageshéchsttemperature vun tëscht -1 a 4 Grad, eréischt vum Donneschden u gëtt et mat -1 bis 1 Grad erëm e bësse méi kill. Et besteet dann och, jee no Modell, eng kleng Warscheinlechkeet vu wanterleche Nidderschléi – wéi virdrun ugeschwat. Wéi genee et kënnt, wees een awer haut nach net. E Freide geet et mat -1 bis 3 Grad virun, e Samsden ass et mat -3 bis 0 Grad méi kill an e Sonnden hale mir eis erëm am liichte Plusberäich op. D’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi klëmmt, wat dann mat engem definitive Changement kéint zesummenhänken.

Sollt dëse Changement esou antrieden, dann wier vum Sonnden oder Méinden un mat stiermeschem Wand ze rechnen. E Mix aus Reen, Schnéi a Glëtz wier och méiglech. Météo Boulaide hält Iech um Lafenden!