De Wochenausbléck: Héije Loftdrock probéiert sech esou gutt et geet ze halen

Dës Woch gëtt et méi waarm… heescht dat dann elo och automatesch, dass d’Wieder selwer och gutt ass?

Advertisement

D’Grousswiederlag

An der neier Wiederwoch leie mir haaptsächlech ënner Héichdrockafloss. Et wäert awer heiansdo och Zäitofschnëtter ginn, an deenen déiwe Loftdrock dotëschtfunkt an doduerch Schaueren esouwéi och kuerz Donnerwieder méiglech ginn. Gréisser Reenzomme sollten dës Woch awer iwwert der Groussregioun net erofkommen, ausser et sollt mol zu engem lokal méi kräftegem Schluet kommen.

De Verlaf

Op de geneeën Temperaturverlaf si mir schonn agaangen, dëse kënnt Dir hei noliesen. Mee wéi gesäit et elo mam Wieder selwer aus?

Haut e Méinde starte mir mat engem Mix aus Sonn, mee och mol méi décke Wolleken an déi nei Woch eran. Et ass dobäi mat eenzelne Schaueren ze rechnen, och e kuerzt Donnerwieder ass net ganz onméiglech. Vun den Temperaturen hier si mir mat bis ëm 18 Grad ënnerwee. En Dënschde geet d’Warscheinlechkeet vu Schaueren zréck, Sonn a Wolleke wiessle sech of. D’Temperature bleiwen méi oder manner am selwechte Beräich, nodeems mir um fréie Moie mat 5 bis 8 Grad an den Dag eragestart sinn.

Eng méi kill Nuecht kéint eis dann an der Nuecht op de Mëttwoch erwaarden, wou Wäerter vun tëscht -1 an 2 Grad méiglech sinn. Duerno geet et awer erëm op fréijoersméisseg Temperaturen erop, iwwerdeems sech Sonn a Wolleken ofwiesselen. Den Donneschden erwaart eis dann warscheinlech mat méi wéi 20 Grad de wäermsten Dag vun der Woch, mee dozou wéi gesot méi am Artikel vu virdrun.

E Freide mëscht sech verschidde Wiedermodeller no e klenge Risk vun Donnerwieder an, deen deelweis och e Samsdse mol nach kéint present sinn. Et handelt sech dobäi awer just ëmt eng “Momentopnam”, bis dohi si nach Ännerunge méiglech. D’Temperature loosse sech dovun op alle Fall net esou wierklech beandrocken.