De Wochenausbléck: Héije Loftdrock suergt fir eng méi roueg Woch

D’Woch verleeft zwar net komplett dréchen, an awer gëtt se däitlech besser wéi déi vergaangen. Et setzt sech héije Loftdrock duerch, duerch deen haaptsächlech just de Niwwel zu eisem “Feind” ka ginn.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Haut um Méinde leie mir nach deels ënnert dem Afloss vun engem Randdéif, ier mir am Laf vum Dënschden ëmmer méi ënner Héichdrockafloss geroden. Wéi d’Modeller et schonn virun Deeg berechent hunn, gesäit et fir e Freide weiderhin awer no enger Kalfront aus, déi dat rouegt Wieder soll ënnerbriechen. Trotzdeem sollt de Weekend doduerch net komplett an d’Waasser falen.


Déi viraussiichtlech Entwécklung vun der Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Aktuell (Méindemoien, 21.10.2024 10:00) ass et besonnesch am Westen a Nordweste vum Land nach am meeschte wollekeg, wéi virausgesot. Am Laf vun de Stonnen ass et op de meeschte Plaze just nach liicht wollekeg, ier d’Schauerwarscheinlechkeet den Owend vu Westen hier erëm klëmmt. An der Nuecht selwer ass mat Reen ze rechnen, deen spéitstens muer de Moien/am Virmëtten eist Land verléisst. Wann de Niwwel et dann och nach zouléisst, gestalt sech de Rescht vum Dënschden ëmmer méi sonneg.

E Mëttwoch gesäit et nach méi däitlech no engem schéinen a sonnegen Dag aus. D’Viruassetzung ass just ëmmer nach déi, dass sech de Niwwel muss opléisen. Geschitt dat, da schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall. En Donneschde komme just e puer eenzel Wolleken dobäi, wann de Niwwel verschwënnt gëtt och dësen Dag erëm e frëndlechen. E Freide gerode mir lues a lues ënner Déifdrockafloss, am Virfeld an un enger Kalfront ass mat Reen ze rechnen. De meeschte Reen kéint, Stand aktuell, an der Nuecht op e Samschden erofkommen. Am Laf vum Samschdevirmëtte géif et ëmmer méi dréche ginn, bis e Sonnden inclus ass mat Chance mat engem frëndleche Sonn-Wollekemix ze rechnen.

Dagsiwwer beweege sech d’Temperaturen un de meeschten Deeg tëscht 11 a 16 Grad, ausser haut um Méinden, e Samschden an um Sonnden. Haut kënne bis zu 21 Grad erreecht ginn. Wat d’Nuechte betrëfft gëtt déi op de Mëttwoch an och op den Donneschden am keelsten, akutell si bis ëm 3 Grad ugesot.