De Wochenausbléck: Immens variabel duerch zäitw. stiermesche Wand a weidere Reen

An dëser neier Wiederwoch bestëmmt ëmmer nach e groussen Déifdrocksystem iwwert de britteschen Inselen eist Wieder. Et ass net nëmme mat weiderem Reen, mee och mat engem spierbare bis stiermesche Wand ze rechnen. Et sinn e puer spannend Zenarie méiglech.

Advertisement

D’Grousswiederlag

E groussen Déifdrocksystem läit iwwert de britteschen Inselen an dominéiert déi ganz Woch laang iwwert eist Wieder – vun héijem Loftdrock keng Spuer! Zesumme mat e puer Randdéifer, déi sech südlech vum Haapt-Déif forméieren an dann a Richtung Europa katapultéiert ginn, kënnt weideren deels méi kräftege Reen op. Och de Wand gëtt doduerch en Thema, iwwert dem äusserste Weste vu Frankräich ass mat engem zolitten Orkan ze rechnen. Duerch dësen an/oder zousätzlech Entwécklungen sinn am Laf vun der Woch och zu Lëtzebuerg Momenter mat strammem, oder eventuell och mol stiermeschem Wand ze erwaarden.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Den Dag vun haut ass e bësse méi dréchen ugaangen wéi geplangt, de Reen war haaptsächlech am äusserste Südosten vum Land ënnerwee – Schwéierpunkt iwwert dem Saarland. Vum Mëtten un hat sech de Reen dunn erëm méi breet iwwert dem Land gewisen an ass och net méi richteg verschwonnen, e naasse Start an déi nei Woch war ugebrach. Dëst war allerdéngs net de leschte Reen: Muer um Dënschden ass ëmmer erëm mat Schaueren ze rechnen, woubäi sech dotëscht awer och mol d’Sonn ka weise kommen. De Mëttwoch geet et mat enger Partie Wolleken an e puer sonnege Momenter virun, am Verglach zu den Deeg virdrun gëtt et och däitlech manner naass.

An der zweeter Wochenhallschent, vum Donneschden un, gerode mir warscheinlech un den äusserste Rand vum Aflossberäich vum Orkan CIARÁN, deen iwwert dem äusserste Weste vu Frankräich säin Onwiesen dreift. D’Modeller sinn zwar net all der Meenung, mee op d’mannst mol den amerikanesche GFS gesäit virun allem wärend dem Donneschdevirmëtte stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss vun tëscht 60 a 85 km/h op eis duerkommen. Déi éischt Dageshallschent soll dobäi tendenziell am naassten ausfalen, ier eis am Nomëtten eng manner naass Zäit an e puer sonneg Ofschnëtter erwaarden. E Freide bléist de Wand weiderhi stramm, dobäi sinn e puer Schauere méiglech.

Fir e Samsden an e Sonnden ass d’Situatioun nach immens wackleg, virun allem wat de Wand betrëfft. Aus momentaner Siicht gesinn ass et net onméiglech, dass et op e Neits lefteg bis stiemresch gëtt. De Reen wier och erëm méi groussflächeg a méi kräfteg um Wierk.

Wat déi ganz Woch betrëfft, rechent den europäesche Modell mat Quantitéite vun tëscht 40 a 60 l/m² fir Lëtzebuerg, iwwerdeems den amerikanesche mat 50 bis 80 l/m² ënnerwee ass. Et gëtt also immens naass, mee laut dësen Donnéeë no liicht manner wéi an de leschten Deeg.