De Wochenausbléck: Interessant Entwécklung duerch Wand a Schnéischaueren

Mir stinn am Ufank vun enger ganz interessanter Wiederwoch, wat och de Grond fir dëse méi ausféierleche Post ass. Et kann zäitweis lëfteg bis stiermesch ginn, am nächste Moment kënne no laanger Zäit awer och rem Schnéischaueren an d’Spill kommen a fir méi wanterlecht Wieder suergen. Enn der Woch kann et dann scho rem däitlech ze waarm fir d’Joreszäit ginn. Et schéngt also sou, wéi wann demnächst fir jiddereen eppes dobäi wier.

Kalfront mecht den Ufank

Mir starte mol virdéischt mam Passage vun enger Kalfront an déi nei Woch eran, wouduerch et meeschtens bedeckt a groussflächeg zu Reen kënnt. D’Temperature packen et haut um Méinden op 5 bis 8 Grad, de Wand ass an de Spëtzte schon zäitweis bësse spierbar ënnerwee a packt et op 30 bis 50 km/h, an der Nuecht op muer kënne bis em 60 km/h areecht ginn. Bis Mëtternuecht kënnen de Modeller no bis zu 15 l/m² oder och mol driwwer erofkommen.

De Wand hëlt zou – deelweis stiermesch

De Wand spillt also mol nach keng all ze grouss Roll, vu Schnéi ass iwwerhapt net ze schwätzen. Um Dënschden ännert sech dëst awer – an zwar an den zwou Hisiichten. Mir hunn e klengt Stuermdéif, wat sech am Laf vum fréien Dënschde bis an de Nomëtten era mat séngem Kär vun de briteschen Inselen eriwwer iwwer d’Nordséi an de Norde vun Däitschland beweegt. D’Wand- resp. Stuermfeld dovun zitt vun Zentral- resp. Nordfrankräich iwwer d’Belsch a Richtung Däitschland, wou bal all Géigende betraff sinn ausser de Norden an de Nordosten. D’Wandfeld erwëscht Lëtzebuerg awer och, dramatesches ass awer net ze erwaarden. Nach d’lescht Woch hunn d’Modeller mat Spëtzte vu bis zu 110 km/h an eise Géigende gerechent, vun deem awer mëttlerweil glécklecherweis net méi vill iwwrëg ass. Vum Dënschdemëtte bis an de fréie Nomëtten era soll viraussiichtlech de Maximum mat Wandspëtzte vun tëscht 50 a 70 km/h areecht ginn, demno wéi kéint et och mol fir 75 bis knapp 80 km/h duer goen. Wéi et momentan awer ausgesäit, soll dëst awer éischter d’Ausnahm duerstellen. Vum spéidere Nomëtten un ass mat enger séierer Berouegung ze rechnen.

D’Entwécklung vun de Wandstéiss vum fréien Donneschdemoien an de spéiden Owend eran (ICON – wxcharts.com)

Och fir d’Wanterfans gëtt et interessant

An da kënnt den interessanten Deel fir jiddereen, dee sehnsüchteg op Schnéiflacke waart: Iwwerdeems sech de Kär vum Stuermdéif a Richtung Dänemark/Norde vun Däitschland beweegt an d’Wand- resp. Stuermfeld iwwert eis Géigenden ewechzitt, gi kill mee fiicht Loftmasse vum Atlantik ugezaapt. Wann ee méi wäit kucke geet, fënnt een eraus, dass des Loftmassen en Iwwerrescht vun engem Schwall kaale, polare Loftmassen ass, dee säin Uersprong bei Grönland hat. E grousse Komplex aus Déifdrockgebitter, dee mat séngem Kär bei Island läit, erméiglecht et, op mannst e klengen Deel dovun op Mëtteleuropa ze lenken.

Vum Schnéiflacken a Schnéireen bis hin zu Knëppelsteng & Blëtzentluedungen alles méiglech

Wat geschitt? Um Dënschdemoie kënnt et bei Temperature vun 2 bis 7 Grad nach meeschtens zu Reen – allerhéchstens op den héchste Koppe vum Land wiere schon eenzel Flacken ënnert dem Reen denkbar. Am Laf vum Mëtten dann, wann déi ugesot kill Loftmassen an eis Géigende geschwappt kommen, kann de Reen op ëmmer méi Plazen als Schnéireen eroofkommen. Je no Géigend a Konditioune sinn och richteg Schnéischaueren ze erwaarden, déi och mol fir eng Couche suerge kéinten. Ob et sou wäit kënnt, kann een awer elo nach net confirméieren. Desweidere besteet och nach eng kleng Wahrscheinlechkeet vu Knëppelsteng (Graupel) oder och mol där enger oder anerer Blëtzentluedung. Spéistens an der Nuecht op de Mëttwoch soll aus aktueller Siicht gesinn d’Wahrscheinlechkeet vu Schnéischaueren ueschtert Land am héchste sinn. D’Temperature leien tëscht 0 a 4 Grad, et ass mat glate Stroossen ze rechnen – egal ob Schnéi läit oder net.

Reen geet a Schnéireen/Schnéi iwwer (ICON / wxcharts.com)

Sollt eng Schnéicouche zesummekommen, da wierklech keng all ze nennenswäert. D’Modeller hu vu bal näischt bis héchstens 2 cm an hire Simulatiounen – mee ëmmerhin eppes a fir eis Wanterfans besser wéi näischt.

Kee Schnéi méi an zweeter Wochenhalschend

Vum Mëttwoch u gëtt et viraussiichtlech rem méi roueg. No ville Wolleken an de Moiesstonnen, déi iwwrëgens bei -1 bis 4 Grad och nach eenzel Schnéischaueren inkl. glat Stroosse brénge kënnen, gëtt et am weidere Verlaf vum Dag zwar zimmlech lues, mee sëcher manner wollekeg. Mat Chance huet ee souguer nach e bëssen eppes vun der Sonn, ier se ënnergeet. D’Dageshéchsttemperature fale vu Plaz zu Plaz ënnerschiddlech aus. Se leien tëscht 3 a 7 Grad, dobäi ass de Wand nach mat Spëtzte vu 45 km/h aus Westen ënnerwee.

Vun der zweeter Wochenhalschend un wäert et rem méi oft Phase ginn, wou et iwwert e puer Stonnen zu méi groussflächege Nidderschléi komme kann. Den Donneschden ass et awer aus momentaner Siicht gesinn oft frëndlech, ier et vum spéidere Nomëtten un ëmmer méi gro gëtt. Bis an de Freidemoien eran ass mat Reen ze rechnen. Um Freide selwer soll et dagsiwwer zwar gro, mee drëche bleiwen. Dat bei 8 bis 13 Grad. De Samsde soll et bei 9 bis 14 Grad rem méi oft reenen, mee et ass richteg mëll. Och de Sonnden ass mat dem engen oder anere Liter Reen ze rechnen, dat bei 7 bis 12 Grad.