An dëser neier Wiederwoch wäerte mir mierken a spieren, wéi et ass, ënnert enger Déifdrock-Strooss ze leien. Mee wat ass dat iwwerhaapt a wéi wierkt sech dat op Lëtzebuerg aus?
Advertisement
Wat ass eng Déifdrock-Strooss?
Fir d’éischt mol: Et handelt sech dobäi net ëmt en offizielle meteorologesche Begrëff – mee nom Liesen vun de nächsten Zeilen mécht den Titel op alle Fall Sënn. Vun der Grousswiederlag hier hu mir et an dëser Woch weiderhin mat enger atlantescher Westwiederlag ze dinn. Prinzipiell heescht dat also, dass eise Wand meeschtens aus Weste kënnt an eis och ëmmer erëm Schliet vum Atlantik hier zougespillt ginn. Um gréissere Bild gëtt däitlech, dass generell de nërdlechen Atlantik, Nordwesteuropa an ëmmer méi och Mëtteleuropa vun déiwem Loftdrock dominéiert ginn. D’Wieder gëtt also op alle Fall mol alles anescht wéi agréabel.
Mee wat huet et elo mat dëser Déifdrock-Strooss op sech? Quasi all Déifdrockgebitt, wat sech an de nächsten Deeg bei eis weist, gehéiert zu engem gréisseren Déifdrocksystem. De Kär vun dësem System schwankt tëscht dem nërdlechen Atlantik an de britteschen Inselen. Um Rand vun dësem groussen Zentrum forméiere sech ëmmer erëm kleng Déifdrockgebitter, déi an der Meteorologie och nach “Randdéif” oder “Schnellleefer” genannt ginn. An dëser Woch wäert eis vun dëse klengen Déifer eent nom aneren erwëschen, an dobäi och ëmmer méi oder manner en änleche Wee zréckleeën. Et kéint een also theoretesch eng Strooss op der Wiederkaart anzeechnen, där d’Déifdrockgebitter nofueren.
Wat bedeit dat elo fir dës Woch?
Eent vun dëse Randdéifer zitt de Moment vum zentrale Frankräich a Richtung Nordséi a bréngt eis erëm e gréissert Reegebitt op Lëtzebuerg. An der Nuecht op den Dënschde soll et zwar erëm kuerz méi dréche ginn, mee schonn muer um Dënschdemoien erwaart eis déi nächst Front mat Reen. Wann dës Front duerch ass, sinn zwar och kuerz méi frëndlech Phasen dobäi. Dat weist, dass mir trotz dëser immens variabler Westwiederlag awer heiansdo och nach d’Sonn wäerte gesinn.
E weidert Randdéif erreecht eis de Mëttwochmëtten. Et gëtt deels kräftege Reen berechent, dat och mol mat staarke Wandstéiss bis hin zu stiermesche Wandstéiss als Begleedung. A well et esou schéin ass, schéngt dann en Donneschden den Zentrum vum Déif selwer e gréisseren Afloss op eis ze gewannen: d’Modeller rechnen de ganzen Dag iwwer ëmmer erëm mat Schaueren, dotëscht ass heiansdo mol e sonnege Moment dobäi. E Freiden an och de Samsdemoie soll et quasi genee esou virugoen, iwwerdeems de Wand weiderhi stramm ënnerwee ass.
De Weekend iwwer läit den Zentrum vum Déifdrocksystem weiderhin am Beräich vun de britteschen Inselen, iwwerdeems sech westlech vu Frankräich e weidert Randdéif soll forméieren. Dëst kéint dann op sengem Wee a Richtung Skandinavien weider deels kräfteg Schaueren an och staarke Wand op Lëtzebuerg bréngen. Mee: Trotz allem erliewe mir ëmmer nach mol kuerz frëndlech Ofschnëtter.
Op déi ganz Woch gekuckt kënnen de Modellrechnunge no tëscht 40 a 75 l/m² erofkommen.
A wat ass mat den Temperaturen?
Dës sinn zimmlech séier resuméiert. Am Dag leien se meeschtens tëscht 10 an 13 Grad, a Richtung Weekend kënnen och mol 15 Grad erreecht ginn. Op alle Fall deet sech net all ze vill wat dat betrëfft.