De Wochenausbléck: Iwwerduerchschnëttlech waarm, net vill Reen

Déi nei Woch ass ugaangen a bréngt eis schonn mol direkt e Schwall u méi waarme Loftmassen op Lëtzebuerg.

D’Grousswiederlag

Wéi et schonn an der leschter Woch ëmmer erëm an de Wiederkaarten ze gesi war, installéiert sech dann de Moment wierklech déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik iwwerdeems mir et méi wäit iwwert dem Oste vum Kontinent mat méi héijem Loftdrock ze dinn hunn. Dotëscht kënnt eng südlech Stréimung zustanen, duerch déi mëll Loftmassen aus dem Mëttelmierraum resp. Afrika ugezapt ginn. Dëst erméiglecht et, dass d’Temperaturen erëm um Wee a Richtung 20 Grad sinn.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Mir starte mat vill Sonn an d’Woch eran, mee awer och nach mat negativen Temperaturen. Um fréie Méindemoie leien d’Wäerter verbreet bei tëscht -3 an 3 Grad, ier se am Laf vum Dag 14 bis 18 Grad erreeche sollen. Eréischt am Laf vum Nomëtte soll et erëm méi wollekeg ginn, ouni dass et awer naass gëtt. Um Dënschde spillt sech och e Mix aus Sonn a Wolleken of, et bleift awer weiderhin dréchen. D’Temperature schaffe sech weider erop a solle Wäerter vun tëscht 18 an 22 Grad erreechen. Duerch déi südlech Stréimung gëtt awer och schonn erëm Saharastëbs an eis Géigende gelenkt, deen d’Temperaturentwécklung e bëssen aschränke kéint. Um Mëttwoch soll et erëm e gutt Stéck méi bedeckt sinn, dobäi soll dann och eng kleng Warscheinlechkeet vu vereenzelte Schauere bestoen. Nennenswäert Quantitéite stinn awer net um Programm.

Déi zweet Wochenhallschent

Fir déi zweet Wochenhallschent spillt sech um Donneschden an och um Freiden éischter e Sonn- Wollekemix of, iwwerdeems Nidderschléi keng gréisser Roll anhuele sollten. D’Temperature packen et um Donneschden op 15 bis 20 Grad, um Freiden op 13 bis 19 Grad. De Samsde soll et erëm e bësse méi gro ginn, dat nach bei 12 bis 17 Grad. Et besteet eng kleng Warscheinlechkeet vu liichte Schauere resp. Fisemreen. Um Sonnde kéint eis dann erëm e richteg frëndlechen Dag mat vill Sonn erwaarden, dat bei nach 12 bis 16 Grad.