De Wochenausbléck: Just kuerzen Déifdrockafloss, (nach) kee gréisseren Ëmschwong

Et ass zwar nach keen definitiven Ëmschwong, mee op d’mannst kënnt mol erëm e bësse Beweegung an eist Wiedergeschéien.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Lues a lues kënnt no Wochen mol erëm Beweegung an d’Spill, haaptsächlech awer elo am Ufank vun der Woch. Dëst ass net falsch ze verstoen: Vill wäert net geschéien, an awer ass et reng synoptesch e groussen Ënnerscheed zu dem, wat mir an de leschte Woche gesinn hunn.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag | Animatioun: wxcharts.com

Et ass awer nëmmen, fir elo, e kuerzen Ëmschwong: Schonn vum Dënschdemëtten u setzt sech erëm héije Loftdrock duerch, an dat bis e Samschden. Duerno gëtt dann vun de Modeller e gréisseren Ëmschwong berechent, an dat och schonn zanter der leschter Woch.

De Verlaf

Haut um Méinde passéiert eis eng schwaach Kalfront. Fir genee ze sinn, ass dat elo am Moment (10:33 Auer) amgaangen – et handelt sech dobäi awer, wéi virausgesot, ëm schwaach Nidderschléi. Hannert dëser Front si nach vill Wolleken ënnerwee, déi sech am Laf vum Nomëtten awer kuerz kënnen oprappen esoudass et och zu sonnege Momenter ka kommen. Fir laang ass dat awer net, well an der Nuecht dat fir d’Kalfront verantwortlecht Déif mat sengem Kär iwwert eis ewechzitt. Dëse Reen fällt méi verbreet an och deels méi kräfteg aus – den éischte nennenswäerte Reen zanter Wochen. Wat d’Temperature betrëfft ass mat 8 bis 11 Grad ze rechnen. Um Dënschdemoie fréi kann et nach plazeweis bësse reenen, mee dat ass séier eriwwer. Dagsiwwer si vill Wolleken ënnerwee, mat Chance weist sech mol d’Sonn dotëscht. 6 bis 9 Grad sinn ze erwaarden. Well mir e Mëttwoch erëm méi staark ënner Héichdrockafloss leien, kann de Niwwel erëm eng Roll spillen. Liicht Nidderschléi sinn dann och net onméiglech, mee dat muss sech nach konkretiséieren. 5 bis 7 Grad stinn un.

Am Ufank vun der zweeter Wochenhallschent geet et änlech virun, haaptsächlech en Donneschden. E Freide gëtt et no a no manner dréif an d’Sonn kënnt sech weisen, e Samschden d’selwecht. Entweder vum spéiden Owend oder vum fréie Sonnden un gerode mir ëmmer méi ënner Déifdrockafloss, a Richtung Sonndenowend gëtt naass. Wat d’Temperature betrëfft si mir en Donneschde nach bei 4 bis 6 Grad ënnerwee, e Freide bei 5 bis 8 Grad an e Samschde bei 5 bis 10 Grad – dagsiwwer wuelgemierkt. An de Nuechte setzt liichte Frascht an.