De Wochenausbléck: Kee gréisseren Temperaturchangement a Siicht

An der neier Woch zitt sech, ofgesi vum Méinden, d'Reewarscheinlechkeet bis an déi zweet Wochenhallschent zréck. D'Temperature loosse sech dovu net grouss beandrocken a bleiwen dagsiwwer am selwechte Beräich.

D’Grousswiederlag

Ufanks der Woch hu mir et mol nach éischter mat déiwem Loftdrock ze dinn, ier sech bis den Donneschden erëm héije Loftdrock duerchsetze kann. Dësen Héichdrockafloss dréckt sech vun der Nordséi hier an eis Géigenden duerch, iwwerdeems weiderhin déiwe Loftdrock aus Westen entgéintdréckt. Dat bedeit, dass et am Laf vun der zweeter Wochenhallschent no enger kuerzer Paus warscheinlech erëm méi reenereg gëtt. E groussen Impakt op d’Temperaturen huet dat awer net.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut um Méinde starte mir direkt schonn mol mam wäermsten Dag vun der Woch. Am Laf vum Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 19 an 23 Grad ze rechnen. Ier et awer esouwäit ass, musse mir an de fréie Moiesstonne mol nach drop waarden, dass sech déi méiglech Niwwelfelder opléisen. Ass dat gepackt, erwaart eis e Mix aus Sonn a Wolleken. D’Wolleke ginn a Richtung Owend ëmmer méi déck, ier dann e Reegebitt aus Westen eragezu kënnt. Den Dënschde geet et mol nach mat Iwwerreschter dovun an den Dag eran, ier am Nomëtte Maximaltemperature vun tëscht 16 an 20 Grad erreecht ginn. D’Schauerwarscheinlechkeet geet ëmmer méi wäit zréck, d’Sonn kënnt sech tëscht de Wolleke weisen. De Mëttwoch erwaart eis bei 14 bis 18 Grad e frëndlechen Dag soubal de Niwwel fort ass, Sonn a Wolleke wiessle sech of.

An der zweeter Wochenhallschent beweegt sech aus Weste méiglecherweis erëm déiwe Loftdrock an eis Géigenden, duerch deen et a Richtung Weekend erëm méi wollekeg an och méi naass ka ginn. Fir den Donneschde selwer sinn aus aktueller Siicht gesinn Schauere méiglech, dat bei 16 bis 18 Grad. De Freiden hätte mir et dann mat engem änlechen Dag ze dinn, dat bei 16 bis 20 Grad. De Samsden an och de Sonnde kéinten dann erëm e bësse méi dréche verlafen, dat bei 14 bis 18 Grad maximal de Samsden a 15 bis 19 Grad um Sonnden.