De Wochenausbléck: Keng gréisser Temperaturbeweegungen, éischt Hallschent dréchen

Déi éischt Hallschent vun der neier Wiederwoch leie mir gréisstendeels ënner Héichdrockafloss. An der zweeter Wochenhallschent hëlt dësen Afloss bëssen of, dat duerch en Déif wat vu Frankräich hier eropgezu kënnt. Vun dësem Moment u klëmmt d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Schaueren.

Grousswiederlag

Eng frësch Wiederwoch steet un, an där awer aus aktueller Siicht gesi net all ze vill geschéie wäert. D’Maximaltemperature beweege sech am ganzen Zäitraum an der Moyenne tëscht 10 a 15 Grad, un eenzelnen Deeg driwwer. E klengt Déif, wat géint Mëtt der Woch vu Frankräich hier a Richtung BeNeLux gezu kënnt, wäert fir e kuerzfristegen Temperaturustieg op ëm 20 Grad suerge kënnen. Duerno géife mir erëm gutt 4 Grad zréckfalen, wat awer net d’Welt ausmécht.


An dëser Woch zeechent sech weiderhin e klenge Kampf tëscht méi mëllen a kille Loftmassen of | Animatioun: wxcharts.com

Mir starten de Méinde mat ville sonnege Momenter a just e puer eenzelne Wolleken. 12 bis 16 Grad sinn ze erwaarden. Wat de Wand betrëfft ass dëse liicht spierbar aus Ost-Nordosten ënnerwee, dat mat Spëtzte vu 45 km/h. Um Dënschde geet et mat e puer eenzelne Wolleke virun, déi am Nomëtten opkräize kënnen. Reene sollt et dobäi awer net, oder allerhéchstens just extrem lokal begrenzt – a wann och nëmme ganz minimal Quantitéiten. D’Temperature packen et op e Maximum vun 13 bis 18 Grad. Um Mëttwoch geet et mat engem Mix aus Sonn a Wolleke viru, virun allem am Nomëtte besteet d’Warscheinlechkeet vun enger ganz enk a lokal begrenzter Schauer. D’Temperature si mat 16 bis 20 Grad dobäi, deemno wéi kann et laanscht Musel och mol fir 21 oder 22 Grad duergoen.

Vum Donneschden u komme méi Wolleken an d’Spill. Um Donneschde selwer wiessle sech Sonn a Wolleken of, dotëscht kënnen eenzel Schaueren optrieden. Deemno wéi ass och mol en Donnerwieder net ausgeschloss. D’Temperature leien tëscht 12 a 16 Grad. Um Freide bleiwe vill Wolleken um Himmel, d’Sonn soll sech den aktuelle Modellrechnunge no net all ze gutt kënne weise kommen. D’Temperature packen et op 9 bis 14 Grad. Um Samsde kann et e bësse méi groussflächeg naass ginn bei 11 bis 15 Grad, um Sonnden ass mat 10 bis 15 Grad ze rechnen. Et si just nach eenzel Schaueren ënnerwee.

Wat de Frascht betrëfft sinn haaptsächlech just d’Däller betraff. Um fréie Méindemoie kënnen d’Wäerter plazeweis bei knapp ënner 0 Grad leien, um fréien Dënschdemoie sinn tëscht 1 an 3 Grad ze erwaarden. Um Mëttwochmoien ännert sech mat 1 bis 3 Grad net wierklech vill, ier um Donneschdemoie mat 7 bis 10 Grad keng fraschteg Wäerter méi ze erwaarde sinn – oder op mannst keng Wäerter, déi dem Frascht no sinn.