De Wochenausbléck: Kënnt de Schnéi wierklech zréck?

D’Temperature wäerten an de nächsten Deeg net op dem Niveau bleiwe, wou se de Moment sinn. Se wäerte gutt zréckgoen, deemno wéi ass och mol eng Flack net ganz onméiglech.

Grousswiederlag

An de nächste Stonnen an Deeg fält den Héichdrockafloss iwwert eise Käpp wuel méi oder manner a séch zesummen. Et gëtt Plaz gemaach fir déiwe Loftdrock, deen eis net nëmme Nidderschléi bréngt mee och däitlech méi niddereg Temperaturen. Och de Schnéi kann dobäi en Thema sinn, wat ee net all ze wäit an den Eck stelle sollt.


Dës Woch erwaart eis e markanten Temperaturréckgang | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Ier et awer esouwäit ass, sinn um Dënschde nach emol 14 bis 18 Grad ze erwaarden. De Réckgang kënnt vum Mëttwoch un, wou just nach 6 bis 11 Grad um Programm stinn. Fir den Donneschden an de Freide wiere mir nach bei 4 bis 8 Grad ënnerwee, ier et de Weekend nëmme minimal méi mëll sollt ginn. An de Nuets- a Moiesstonnen ass erëm méi verbreet mat Frascht ze rechnen: bis zu -3 Grad sinn ëmmer gutt méiglech, um Samsdemoie wieren aus aktueller Siicht och bis zu -5 Grad net ausgeschloss. Et gëtt also schonn e Stéckche méi wanterlech, déi éischt fréijoersméisseg Phas vun de Moment schéngt also hirt Enn ze fannen.

Wierklech nach eng Kéier Schnéi?

Mee wéi ass et dann lo iwwerhaapt mam Schnéi? Op ville Plazen héiert een, dass do eppes dru wier, dohier kucke mir eis dat hei nach eng Kéier bësse méi genee un.

Fir d’éischt mol ass Schnéi fir dës Joreszäit ëmmer nach komplett normal, och wann mir schonn meteorologesch souwéi kalendaresch am Fréijoer ukomm sinn. Ee Modell deen e bësse méi optimistesch a Saache Schnéi ass ass den amerikanesche GFS. Dëse gesäit vum Donneschdenowend un bis an de Weekend eran eng réell Chance, dass sech mol déi eng oder aner Schnéiflack bei eis zu Lëtzebuerg entluede kéint. Dat kann zwar wierklech sinn, mee et sollt ee sech kee Wanterabroch mat vill Schnéi erwaarden. Et handelt sech héchstens ëm onbedeitend Quantitéiten, déi souwisou just op den allerhéchste Koppe fale kënnen, wann iwwerhaapt.

Ee Faktor, deen dat verännere kéint, wier deen, dass dat dofir verantwortlecht Déifdrockgebitt méi wäit westlech zitt – dann kéint et dem amerikanesche Modell no och mol zu e puer Zentimenter kommen déi nennenswäert wieren. Mee Stand aktuell ass deen, dass näischt wierklech markantes op Lëtzebuerg komme sollt.