De Wochenausbléck: Kuerzen Temperatur-Dämpfer an der zweeter Wochenhallschent

D’Temperature sinn um klammen, mee dat wäert dës Woch net riicht esou virugoen. Et gëtt uerdentlech an der Atmosphär ronderëmgeréiert.

Advertisement

D’Grousswiederlag

An dëser Woch ginn et viraussiichtlech dräi Phasen: An där enger hu mir et mat enger sougenannter “Tiefdruckrinne” ze dinn, déi sech vum haut den Owend bis e Mëttwoch iwwert déi ëstlech Hallschent vu Frankräich esouwéi och BeNeLux leet. Vum Mëttwochowend un kënnt aus den Alpen eraus en Déifdrockgebitt an d’Spill, d’selwecht wéi och en Donneschden nach eng Kéier. Déi drëtt Phas wier en Ëmschwong op eng südwestlech Stréimung, dat vum Samsden un.


D’Grousswiederlag bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Dat bréngt am Laf vun der Zäit sëlleg Ännerungen a Saache Wandrichtung an Temperatur mat sech, et gëtt also eng wierklech variabel Woch.

De Verlaf

Haut um Méinde wiessele sech Sonn a Wolleken of, am Nomëtte besteet eng kleng Warscheinlechkeet vun eenzelne Schaueren. Dës zitt sech och nach bis an de spéideren Owend eran. Temperaturméisseg packe mir et op 14 bis 17°C.

Muer um Dënschde gëtt et méi waarm, mee d’Loftmasse ginn och méi fiicht. De Risk vu punktuellen Donnerwieder mat Staarkreen klëmmt an der ganzer Groussregioun, mee et muss ofgwaart ginn, ob et eist klengt Lëtzebuerg och tatsächlech wäert treffen. Et gi bis zu 25°C erreecht. E Mëttwoch besteet eng änlech Situatioun, mat lokaale 26°C kann et esouguer nach e bësse méi waarm ginn. Et ass weiderhi schmeier. Eng genee Beschreiwung zu dëser Situatioun un den zwee Deeg fannt Dir hei.

En Donneschde kënnt jo, wéi gesot, en Déif aus dem Alperaum eropgezunn. Dëst suergt viraussiichtlech fir richtegt Schauerwieder, duerchsat mat méiglechen Donnerwieder. Well d’Zellen net séier vu Plaz zéien, kann et punktuell mol zu gréisseren Zommen a kuerzer Zäit kommen. E Freiden ass de Risk aus aktueller Siicht gesinn erëm e bësse méi kleng, Sonn a Wolleke wiessle sech of. D’Temperature si bei eppes ënner 20°C ënnerwee.

De Samsde besteet erëm e klengen Donnerwiederrisk, deen e Sonndemëtten awer sollt ofhuelen. Och hei gëllt, dass sech dotëscht d’Sonn awer weist bei ëm 22°C.