De Wochenausbléck: Lefteg mat Mix aus Sonn, Wolleken a Reen

Elo an der neier Woch ass zwar ëmmer erëm mol mat Reen ze rechnen, mee dotëscht kënnt et awer och zu méi frëndleche Passagen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Gros vun dëser Woch gëtt vun Déifdrockafloss dominéiert, deen haaptsächlech vum Nordatlantik hier de Wee op Lëtzebuerg fënnt. Zäitweis ginn et awer och kuerz Momenter, an deenen héije Loftdrock aus dem méi südlechen Europa probéiert anzegräifen, wouduerch e Mix aus Sonn, Wolleken a Reen entsteet. U méi lefteg Momenter sief awer och geduecht, richteg stiermesch sollt et awer net ginn.

De Verlaf

Haut um Dënschde wiessle sech Sonn a Wolleken of, dotëscht kann awer och mol eng kleng a vereenzelt Schauer optrieden. D’Temperature sinn elo iwwert dem Schreiwe vun dësem Artikel bei tëscht 9 an 13 Grad ënnerwee an hunn domat de prognostizéierte Wäert ëm 1 Grad iwwertraff. An der kommender Nuecht ginn eis Temperaturen op tëscht 4 a 7 Grad zréck, dobäi ass mat engem méi décke Batz Reen ze rechnen, deen sech Dauerreen-méisseg bis muer an de spéidere Virmëtten eran hale kann. Am Laf vum Mëttwoch wiessle sech Sonn a Wolleken erëm of, hannert dem Dauerreen komme nach e puer vereenzelt Schaueren op eis duer. Vum Mëttwochowend u sollt et awer bis an déi zweet Hallschent vun der Nuecht op den Donneschden dréche bleiwen. Dagsiwwer ass mat Maximaltemperature vun tëscht 8 an 11 Grad ze rechnen.

An der zweeter Wochenhallschent verléisst eis de Reen zwar net ganz, an awer si méi dréchen Ofschnëtter tendenziell ëmmer méi warscheinlech. En Donneschde si Sonn a Wolleken am Wiessel, eenzel Schauere kënne nach optrieden. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 6 a 9 Grad, ier et an der Nuecht op de Freiden op tëscht -3 a 0 Grad zréckgeet – de Frascht ass also ëmmer nach en Thema. E Freide, Samsden a Sonnde si vill Wolleken ënnerwee, d’Sonn weist sech awer och dotëscht. Schauere sinn zwar nach op vereenzelter Basis net ausgeschloss, mee se huelen definitiv vun der Unzuel hier of. E Freide gi Maximaltemperature vun tëscht 9 an 12 Grad erreecht, e Samsden 11 bis 14 Grad an e Sonnden 8 bis 11 Grad.