De Wochenausbléck: Lëtzebuerg um Rand vun engem Kalloft-Abroch

Den héije Loftdrock wäert am Laf vun dëser Woch aknécken a kann eis esou eng méi wanterlech Wiederlag bréngen.

Grousswiederlag

De Moment an och de Weekend iwwer louche mir ënner stabilem Héichdrockafloss – dësem och d’Schold fir de villen an zéie Niwwel zouzeschreiwen ass. Dës Deeg sinn awer geschwënn gezielt, well sech den héije Loftdrock wuel zréckzéie wäert. Wéi déi aktuell Modellrechnungen et gesinn, soll dëst um Mëttwochowend/an der Nuecht op den Donneschden de Fall sinn. D’Grousswiederlag géif dann esou ausgesinn, dass sech héije Loftdrock am Beräich vun de britteschen Inselen positionéiert iwwerdeems en Déifdrockgebitt iwwert dem skandinavesche Raum läit. Duerch dës Konstellatioun geréit Lëtzebuerg a Mëtteleuropa generell ënnert eng nord-nordwestlech Stréimung, duerch déi net nëmme fiicht mee och polar Loftmassen hire Wee bis bei eis erof fannen. D’Warscheinlechkeet vu Schnéi a glate Stroosse geet doduerch däitlech an d’Luucht, allerdéngs leie mir hei zu Lëtzebuerg awer méi sou um Rand vun der ganzer Geschicht.


Déi simuléiert Grousswiederlag fir Mëtt der Woch | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

De Verlaf

Ier dëst alles stattfënnt, hu mir et haut um Méinde mol nach mat héijem Loftdrock ze dinn, wat sech och muer um Dënschden nach net ännere wäert. Haut ass et oft gro, dat duerch Niwwelfelder. Nennenswäerte Nidderschlag kënnt dobäi net erof, héchstens mol liicht Gefisems oder och Schnéi-Geschnipsels. D’Temperature packen et op 2 bis 4 Grad. Muer um Dënschde sinn d’Chancen op sonneg Momenter e bësse besser, wa sech de Niwwel no e puer méi dréiwe Stonnen am Laf vum Virmëtten opgeléist kritt. Och dann soll et zu kenge nennenswäerte Nidderschlagsquantitéite kommen, d’Temperature packen et op 4 bis 7 Grad.

An de Nuechte si jeeweils Minustemperaturen an de Risk vu glate Stroosse virprogramméiert.

Déi zweet Wochenhallschent

Um Mëttwoch kéim dann deen Zäitpunkt, wou et méi interessant gëtt. Aus aktueller Siicht gesinn dominéieren d’Wolleken, d’Temperature packen et am Dag nach op 2 bis 4 Grad. Dagsiwwer ass mat e bësse Gefisems ze rechnen, ier an der Nuecht op den Donneschde Nidderschléi opgezu kommen. Bei Temperaturen ëm 0 Grad am Norde kann et zu Schnéischauere kommen, am Guttland si bei bis ëm 4 Grad meeschtens Reen- a Schnéireenschaueren um Wierk. Wärend dem Donneschde soll et gro bleiwen, heiansdo gëtt mol eng Flack aus de Wolleke gedréckt. D’Temperature beweege sech tëscht 1 a 4 Grad. Och fir de Freide gesäit et änlech aus: vill Wolleken an e puer eenzel Nidderschléi a Form vu Schnéireen a Schnéischauere sinn aus aktueller Siicht ze erwaarden. D’Temperature beweege sech tëscht 2 a 4 Grad.

De Weekend kéint dann erëm den héije Loftdrock e Versuch starten, sech zréck iwwert eise Käpp anzenisten. Wann dat esou kéim, géifen d’Temperature klammen an d’Nidderschléi erëm e méi raren Artikel ginn.