De Wochenausbléck: Liicht Déifdrockaktivitéit vun e Mëttwoch un

Nach haut a muer hu mir et mat ongestéiertem Héichdrockafloss ze dinn, wat sech vun der Nuecht op e Mëttwoch un wäert änneren. Zumools vun e Mëttwoch u kënne lokal e puer “Iwwerraschungs-Flacke” net ausgeschloss ginn.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Wéi gesot, leie mir haut a muer nach ënner Héichdrockafloss, ouni d’Dotëschtfunke vun déiwem Loftdrock. Dësen erstreckt sech vun den Azoren aus iwwert de Gros vum west- a mëtteleuropäesche Kontinent. An der Nuecht op e Mëttwoch verlagert sech en Déif vun de britteschen Inselen aus mat sengem Kär an de skandinavesche Raum a lenkt domat eng schwaach Kalfront op Lëtzebuerg, déi op Buedemhéicht awer just e geréngen Afloss wäert hunn. Et kann een och nach vun enger “maskéierter Kalfront” schwätzen, déi deemno wéi awer mol fir kleng Iwwerraschunge ka suergen.


D’Grousswiederlag a Form vun de Loftmassentemperaturen bis de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Wärend dem Donneschden an dem Freide läit erëm héije Loftdrock iwwer Skandinavien, dat deels esouguer mat engem Kärdrock vun iwwer 1050 hPa, wat immens staark ass. Zur selwechter Zäit entwéckelt sech iwwert dem ëstleche Frankräich resp. dem westlechen Alperaum e klengt Déif, wat seng Ausleefer op e Neits kann an eis Géigende schécken. Bis e Sonnden inclus ass dat nach méiglech.

De Verlaf

Haut um Méinden ass de Niwwel erëm just plazeweis en Thema, nämlech besonnesch laanscht d’Musel an och déi franséisch Grenz. Soss weist sech iwwerall d’Sonn, et zéie just e puer harmlos a kleng Wolleken duerch. Muer um Dënschde bestinn déi selwecht Viraussetzungen, laut Modeller kann et och op anere Plazen zu méi markante Niwwelfelder kommen. Wéi mir et haut awer gemierkt hunn, sinn d’Niwwelfelder awer manner markant ausgefall wéi berechent. Dës Onsécherheet gëtt och nach gär “Niwwel-Lotto” genannt, well en engem d’Prognos ëmmer erschwéiert. D’Temperature leien haut dagsiwwer tëscht 3 a 7 Grad, muer sinn et -1 bis 6 Grad. An de Nuechte geet et weiderhin an de markante Fraschtberäich zréck.

An der Nuehct op e Mëttwoch, resp. um fréie Mëttwochmoie selwer, passéiert eis déi erwäänt maskéiert Kalfront, déi duerch ganz gerénge Nidderschlag och mol dofir suerge kann, dass et plazeweis unzockert. Dës Léisung ass awer bei wäitem net an alle Modellrechnungen dran, et wäert also dann méi eppes wéi en Iwwerraschungseffekt ginn. D’Temperature leien tëscht 3 a 7 Grad. En Donneschden ass duerch dat beschriwwent anert Déif erëm zäitweis e bësse Gegrimmels oder Geflacks net onméiglech, dotëscht weist sech d’Sonn awer. Bis e Sonnden ginn et keng gréisser Ënnerscheeder. D’Temperature ginn dagsiwwer awer zréck: Mir bleiwen op méi Plaze wéi momentan méi no um Gefréierpunkt, lokal och liicht drënner.