De Wochenausbléck: Lues a lues manner waarm, Donnerwiederrisk

An der neier Woch bleift et summerlech, haaptsächlech am Ufank och nach héichsummerlech mat Wäerter vun ëm 35 Grad a liicht driwwer.

Isoléiert Donnerwieder maache Prognos schwéier

Bis de Mëttwoch hu mir et nach mat Temperature vu bis zu 35 Grad an och mol driwwer ze dinn. Den héije Loftdrock gëtt ëmmer manner staark, ëmmer erëm kënne Stéierungen a Form vu Schaueren an isoléierten Donnerwieder optrieden. Des Donnerwieder sinn op grousser Fläch verdeelt méiglech, mee wou se wierklech optrieden ass immens schwéier soen. Et ass ongeféier esou wéi wann een erausfanne wéilt, wou am Kachdëppen déi éischt Waasserblos eropkënnt. Wann Donnerwieder entstinn, dann areechen dës meeschtens net d’Warnschwell. Just an Ausnamefäll si méi zolitt Zellen dobäi.

D’Loftmasseverdeelung bis de Sonnden (GFS – wxcharts.com)

Temperature gi lues a lues zréck

Um Méinde starte mir mat engem Sonn- Wollekemix an déi nei Woch eran. Haaptsächlech am Nomëtten ass erëm mat méi kompakte Cumuluswolleken ze rechnen, déi sech zu ganz isoléierte Schaueren oder och Donnerwieder virunentwéckle kënnen. D’Temperature packen et op Maximalwäerter vun tëscht 32 a 37 Grad. Den Dënschde bleift eis de Risk vun Donnerwieder erhalen, et ännert sech net vill un der Situatioun. Mat 33 bis 36 Grad gëtt et zwar erëm minimal manner waarm, et bleift awer héichsummerlech. De Mëttwoch soll et méi laang sonneg bleiwen, ier vum spéidere Nomëtten un eréischt erëm mat Cumulus- a Cumulonimbuswolleken ze rechnen ass. Virun allem um spéideren Owend besteet erëm en Donnerwiederrisk. 31 bis 35 Grad ginn areecht.

Et geet méi variabel virun

An der zweeter Wochenhallschent geet et variabel virun. Um Donneschde passéieren eis viraussiichtlech méi kompakt Wolleken, iwwerdeems sech d’Sonn awer och weise kann. Meeschtens ass et dréche, just lokal an zäitlech begrenzt ass mol mat engem Schluet a Form vun enger Schauer oder och engem Donnerwieder ze rechnen. Wou an ob dat wierklech de Fall wäert si, kann eréischt kuerzfristëg gekuckt ginn. 30 bis 34 Grad stinn um Programm. Um Freide si vill Wolleken ënnerwee, mee aus aktueller Siicht gesinn ass d’Schauerwarscheinlechkeet méi kleng wéi um Donneschden. 25 bis 28 Grad. Um Samsden an och um Sonnde gëtt jeeweils mat engem Sonn- Wollekemix vun eise Wiedermodeller gerechent, et sollt also dréche bleiwen. 25 bis 30 Grad sinn et um Samsden, um Sonnden 25 bis 29 Grad.