De Wochenausbléck: Manner Reen duerch liichten Héichdrockafloss

No engem turbulente Schluss vun der leschter Woch geet et elo däitlech méi roueg virun.

D’Grousswiederlag

Déi lescht Woch ass turbulent op en Enn gaaangen. Elo, an der neier Woch, ass definitiv mat méi rouegem Wieder ze rechnen. Iwwert dem südlechen Europa läit groussflächegen héije Loftdrock, vun deem mir och heiheem e bëssen eppes ofkréien. Iwwerdeems schläifen Déifdrockausleefer knapp nërdlech un eis laanscht. No engem Kalfrontduerchgang um Donneschde sollt et duerno viraussiichtlech erëm roueg duerch en Héichdrockgebitt viru goen.


D’Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Um Méindemoien ass et mat Temperature vun tëscht 0 an 3 Grad a glate Stroossen an déi nei Woch eragaangen. Am Virmëtten ass sech d’Sonn dunn méi séier wéi erwaart weise komm, fir de Rescht vum Dag geet et frëndlech virun. D’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 4 an 8 Grad. De Wand bléist ëmmer nach spierbar a ka lokal begrenzt mol nach Spëtzte bis an d’Géigend vun de 50 km/h erreechen. An der Nuecht op den Dënschde ginn d’Temperaturen op tëscht 1 a 5 Grad zréck ier se um Dënschden op e Maximum vun tëscht 6 a 9 Grad klammen. Et ass allerdéngs erëm eng gutt Nummer méi gro wéi haut um Méinden, dat virun allem duerch Niwwelfelder. Fisemreen ass ze erwaarden. De Mëttwoch geet et och mat Niwwel un, ier et am Laf vum Dag no a no méi frëndlech sollt ginn. 8 bis 10 Grad stinn un.

Zweet Wochenhallschent

Fir den Donneschde kënnegt sech eng Kalfront un, déi virun allem iwwert de Nomëtten iwwert eis ewechzéie soll. 5 bis 9 Grad gi virdrun erreecht, duerno kann et op de Koppen zu eenzelne Flacke kommen. De Wand bléist zäitweis spierbar aus West-Südweste mat Spëtzte vu 35 km/h. Um Freide kënnt sech d’Sonn mat Chance tëscht e puer Wolleke weise, soubal sech de Niwwel opgeléist huet. 3 bis 7 Grad stinn, stand aktuell, um Programm. Um Samsde klammen d’Temperaturen och op 3 bis 7 Grad, wann de Niwwel verschwënnt schéngt et e richteg frëndlechen Dag ze ginn. De Sonnde gesäit esouguer nach besser aus.