De Wochenausbléck: Manner Reen, méi sonneg & esouguer erëm 20 Grad an driwwer

Et ass en Hauch vu "gëllenem Oktober", deen mir an de nächsten Deeg erliewen. Et sollt een awer net domat rechnen, dass dëst en Dauerzoustand bleift.

D’Grousswiederlag

Zanter dem Weekend hu mir e ganze Batz Reen hannert eis. Dës Kéier hat et besonnesch d’Südhallschent vum Land getraff, an där et iwwert de ganze Weekend gekuckt plazeweis méi wéi 55 l/m² gereent huet. Vun der Verdeelung hier war et méi wéi fair, well d’Südhallschent géint de Norden an de leschte Méint am mannste Reen ofkritt huet.


D’Verdeelung vun der Loftmassentemperatur bis de Weekend inclus | Animatioun: wxcharts.com

No engem déifdrockdominante Weekend geet et vun haut un mat héijem Loftdrock virun – engem Changement also. Den Héichdrockafloss zitt sech bis Enn der Woch, woubäi et awer heiansdo trotzdem zu kuerze “Stéierunge” komme kéint. Den amerikanesche Modell GFS deit beispillsweis un, dass eis de Mëttwochowend mat enger klenger Warscheinlechkeet eng schwaach Front mat Reen erreeche soll. Am grousse Ganze bleift den Héichdrockafloss awer un der Muecht.

De Mix aus héijem Loftdrock iwwert dem Kontinent an déiwem Loftdrock iwwert dem Atlantik féiert och dozou, dass et méi waarm gëtt.

De Verlaf

Déi nächst Moienter starte mir zimmlech änlech an d’Deeg eran. Et ass, virun allem an den Däller, gäre mol niwwleg. Esoubal sech dëse verzunn huet, wiessle sech Sonn a Wolleken of – heiansdo kënnen d’Wolleken och e bësse méi kompakt ausfalen, reene sollt et awer net. Haut um Méinde packen et d’Temperaturen op 14 bis 17 Grad, muer um Dënschden op 17 bis 19 Grad an e Mëttwoch op 19 bis 23 Grad. Dir mierkt, et geet erëm biergop. Och an der zweeter Wochenhallschent weist sech d’Sonn, d’Temperature sollte sech dem aktuelle Stand no net all ze vill änneren. Eréischt de Weekend iwwer sollen erëm e puer Wolleke mat dobäi kommen, iwwerdeems et e bësse méi kill soll ginn.

Déi eenzeg Zäitpunkter fir e bësselche Reen bestinn also, wann iwwerhaapt, um spéidere Mëttwochowend an och méi a Richtung Weekend.