De Wochenausbléck: Manner waarm a besser Chancen op Reen

An dëser Woch knéckt den Héichdrockafloss iwwer Mëtteleuropa an, déiwe Loftdrock kritt och erëm eppes ze soen.

D’Grousswiederlag

Den héije Loftdrock gëtt an dëser Woch e bëssen an d’Knéie gezwongen; aus Westen dréckt erëm déiwe Loftdrock eran, duerch deen de Reen erëm besser Chance kritt. Dësen Artikel ass eng generell Beschreiwung fir de Rescht vun der Woch – en eenzelnen Artikel iwwer d’Onsécherheete vun de Reequantitéite kënnt och nach.


D’Grousswiederlag bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Am Allgemenge muss mat méi nidderegen Temperaturen a Schliet gerechent ginn.

De Verlaf

Den Dënschde wiessle sech d’Sonn an deels méi déck Wolleken of, dat bei Maximaltemperature vu bis zu 30 Grad. De Mëttwoch ginn d’Wolleken erëm méi déck, am Laf vum Dag kann et ëmmer erëm mol zu enger eenzelner Schauer kommen – punktuell och e bësse méi kräfteg. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 23 an 28 Grad. Den Donneschden erwaarden eis vill Wolleken: den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent dobäi awer nëmme mat e puer eenzelne Nidderschléi, iwwerdeems den ECMWF mat groussflächegen an deels méi laang unhalendem Reen rechent. Dozou, wéi gesot, geschwënn och nach en eenzelnen Artikel. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 21 a 24 Grad.

Um Freide si nach e puer Schauere méiglech, iwwerdeems sech dotëscht d’Sonn awer och weist. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 20 a 24 Grad. No e puer ganz liichte Nidderschléi um fréie Samsde soll et de Rescht vum Dag dréche bleiwen, dat bei engem Mix aus Sonn a Wolleken. 20 bis 24 Grad stinn un. Och de Sonnde soll sech net all ze vill änneren, dat bei 20 bis 24 Grad.