
An dëser neier Wiederwoch kritt och mol den héije Loftdrock e méi relevant Wuert ze schwätzen.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Bis an de fréie Mëttwochmoien era leie mir mol nach ënnert dem Afloss vun Déifdrockgebitter, déi iwwert dem Atlantik leien. Duerch dës ass et nach méi gro an zäitweis gëtt et och e bësse naass – vill ass awer net dobäi. Vum Mëttwoch selwer un ginn d’Fronte vun den Déifer méi wäit dobaussen um Atlantik gehalen, dat duerch e gréissert Héichdrockgebitt wat mat sengem Kär iwwert dem skandinavesche Raum läit.

D’Héich bréngt eis bis entweder kuerz virun de Weekend oder fläit och den Ufank vum Weekend eng méi sonneg Phas, soulaang sech eben de Niwwel opgeléist kritt. D’Héich wäert awer och kuerzzäiteg fir méi kill Loftmasse verantwortlech sinn.
De Verlaf
Haut um Méinde si vill Wolleken ënnerwee, mat Chance weist sech am Laf vum Dag och kuerz d’Sonn. De Reen hält sech gréisstendeels zréck, d’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 8 an 11 Grad. Den Dag vu muer, den Dënschde, gëtt dann viraussiichtlech schonn een vun de naassten Deeg vun der Woch. Et ass wollekeg, dotëscht kënnen ëmmer erëm liicht Schaueren optrieden. Bei 6 bis 8 Grad ass et manner mëll, mee ëmmer nach net kal. Vun e Mëttwoch un geet dann, wéi gesot, den Héichdrockafloss an d’Luucht. Am Laf vum Dag ka sech am ideale Fall d’Sonn ëmmer méi oft weise kommen, iwwerdeems de Reen nëmme nach rar ass. D’Temperature klammen op tëscht 7 a 9 Grad.
Fir en Donneschden an e Freide bestinn déi bescht Chancen op méi laang sonneg Perioden, esoubal sech de Niwwel opgeléist huet. Fir en Donneschde solle viraussiichtlech 7 bis 10 Grad erreecht ginn, e Freiden 8 bis 12 Grad. Vum Samsden u géife mir erëm ënnert eng méi fiicht Südweststréimung geroden, déi eis an éischter Linn erëm méi Wolleke bréngt – eenzel naass Momenter wieren och erëm net ausgeschloss. D’Temperature wiere bei tëscht 10 an 13 Grad ënnerwee – definitiv sinn dës Wäerter awer net.