De Wochenausbléck: Mat Chance gëtt et de nächste Weekend summerlech

D’Woch iwwer ass mat kenge gréisseren Ännerungen ze rechnen. Zwar erwaart eis um Dënschden e Stuermfeld, wat awer just ee kuerzzäitegen Agrëff an eist Wiedergeschéien ass. Eng nohalteg Ännerung ass eventuell vum nächste Weekend un dran.

Grousswiederlag

Um Méinde starte mir nach mat héijem Loftdrock an déi nei Woch eran, wat dann um Dënschden duerch ee Stuermdéif net méi esou wäert sinn. Den dovun ausgoenden déiwe Loftdrock zitt sech och nach iwwert de Mëttwoch a bréngt eis um Donneschden ee weidert Déif op Mëtteleuropa, wat stabilen Héichdrockafloss fir déi Deeg drop däitlech manner warscheinlech mécht. Aktuelle Berechnunge no soll de kommende Weekend dann däitlech méi waarm mee och méi fiicht ginn, wat d’Entwécklung vun der éischter Donnerwiederlag vun der Saison ënnerstëtze kéint.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Mee elo mol der Rei no

Um Méinde gëtt et a Richtung Owend no a no méi wollekeg. Am Laf vum Dag kann eng vereenzelt Schauer net ausgeschloss ginn, dat nodeems mir an de fréie Moiesstonne besonnesch a verschiddenen Däller vum Land mat Temperature vu ronderëm 0 a lokal och drënner an den Dag eragestart sinn. Fir de Nomëtte ginn 11 bis 15 Grad erwaart, de Wand bléist lues a lues e bësse méi spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. An der Nuecht op den Dënschde ginn d’Wolleken ëmmer méi kompakt an de Reen ëmmer méi warscheinlech, wat mam ugekënnegte Stuermdéif zesummenhänkt. Um Dënschden ass den Himmel staark bedeckt an et kënnt ëmmer erëm zu Schaueren. D’Temperature klammen op e Maximum vu 9 bis 15 Grad, de Wand bléist vum fréie Moien u stiermesch aus Südwesten. Am fréie Nomëtten ass mat Spëtzte vun tëscht 70 a 90 km/h de Peak ze erwaarden, am Fall vun enger méi staarker Schauer ass och mol eppes driwwer net onméiglech. Um Owend an an der Nuecht gëtt de Wand ëmmer méi staark.


D’Stuermfeld am fréien Dënschdenomëtten | Grafik: wxcharts.com

An déi zweet Wochenhallschent?

An der zweeter Wochenhallschent kënnt et tëscht de Modeller nach zu e puer Ongereimtheeten. Den aktuell warscheinlechsten Zenario ass deen, dass mir et um Mëttwoch mat engem zimmlechen Duercherneen ze di kréien. Vun allem wier dobäi: Sonn, déck Wolleken, eenzel Schaueren, kleng Knëppelsteng (Graupel) a jee no Intensitéit wieren op den allerhéchste Koppe vum Land esouguer eenzel Flacken ënnert dem Reen net onméiglech – also quasi Abrëllswieder am Mee. 7 bis 11 Grad sinn ze erwaarden. Den Donneschde gesäit aus momentaner Siicht aus gesinn zimmlech gro aus, dobäi soll et ëmmer erëm reenen. D’Temperature packen et op e Maximum vun 8 bis 12 Grad, dat nodeems se an de fréie Moiesstonne nach am Beräich vum Gefréierpunkt louchen. Um Freide bleift et weiderhi net all ze frëndlech duerch vill Wolleken an eenzel Nidderschléi. 9 bis 13 Grad.

Weekend méiglecherweis summerlech/Donnerwiederlag?

De Weekend iwwer schéngt sech eng fiichtwaarm Grousswiederlag ze etabléieren – dat duerch déiwe Loftdrock iwwert de britteschen Inselen an héije Loftdrock iwwert dem ëstlechen europäesche Kontinent. Dotëscht géifen dann fiicht Loftmasse vum Atlantik a waarmer aus Nordafrika an eis Géigende geblose ginn. Den Effekt: d’Temperature klammen, an och de Risk vun den éischten Donnerwieder. Um Samsde wieren 18 bis 23 Grad dran, dat bei engem Donnerwiederrisk vum Nomëtten un. Och fir de Sonnde gesäit et aus aktueller Siicht no engem Donnerwiederrisk aus, dat bei Maximaltemperature vun 21 bis 26 Grad.


De Weekend ginn eis viraussiichtlech fiichtwaarm Loftmassen zougespillt | Grafik: wxcharts.com