De Wochenausbléck: Mat Chance plazeweis fréisummerlech

Eis erwaart eng weider Woch, an där den Héichdrockafloss dominéiere wäert. Am Fokus stinn haaptsächlech d’Temperaturen, déi am Laf vun de nächsten Deeg op verschiddene Plaze mat Chance souguer un de 25 Grad kraze kéinten – a bei Temperature vu 25 Grad schwätzt een offiziell vun engem Summerdag.

Sonn- Wollekemix stellt sech an

Ier et am Laf vun der Woch e bësse méi wollekeg gëtt a sech e Sonn- Wollekemix astellt, hu mir et um Méinde mat vill Sonn a sou gutt wéi kenge Wolleken ze dinn. D’Temperature leien an de Fréistonnen tëscht 8 an 10 Grad. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 19 bis 23 Grad ze rechnen, dobäi bleift et frëndlech. De Wand ass awer ëmmer nach spierbar aus Südwesten ënnerwee a kann et an de Spëtzten op 40 km/h packen. Um Dënschde wandert de Kär vum Héichdrockgebitt weider a Richtung Osten, wouduerch et bei eis e bësse méi wollekeg gëtt. Bei dësem Sonn- Wollekemix bleift et awer drëchen an et gëtt resp. bleift souguer nach méi waarm – et ass mat Maximaltemperature vun 18 bis 23 Grad ze rechnen.

Och um Mëttwoch wiessle sech Sonn a Wolleken of. Moies kënne ganz lokal nach eenzel Niwwelfelder optrieden, dat bei Fréiwäerter vu 7 bis 9 Grad. Mëttes an am Nomëtte kann et sech bis op 21 bis 25 Grad opwiermen. Dass d’Schwell vun engem Summerdag areecht gëtt, also 25 Grad, ass haaptsächlech laanscht d’Musel am wahrscheinlechsten. Et bleift drëchen an och an der Nuecht op den Donneschden ass et bei wäitem ze mëll fir Frascht.

De Wocheverlaf vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Schauerwahrscheinlechkeet réischt rem a Richtung Weekend

An der zweeter Wochenhalschend bleift et fir den Ufank mol viraussiichtlech zimmlech waarm bis fréisummerlech – falls sech den Trend confirméiert. Sonn a Wolleke wiessle sech och um Donneschden of, dat bei 21 bis 25 Grad. Laanscht d’Musel ass d’Wahrscheinlechkeet vun den héchsten Temperature rem am héchsten. De Wand ass iwwrëgens och méi schwaach ënnerwee wéi mir et aktuell de Fall hunn. Och um Freide soll et bei engem Sonn- Wollekemix rem zimmlech frëndlech ginn, d’Temperature packen et op Maximalwäerter vun 21 bis 25 Grad. Frascht ass an de Nuechte weiderhi keen ze erwaarde, well d’Wäerter all Kéiers grad emol op 11 bis 7 Grad zréckgoe kënnen.

Vum Weekend kënnen eenzel Stéierungen optrieden, duerch déi et zu eenzelne Schauere komme kéint. Och eis Temperature kéinten doduerch rem e Stéck zréckgoe, Wäerter vun em 20 Grad schéngen awer ëmmer nach méiglech bis wahrscheinlech ze sinn.