De Wochenausbléck: Meescht Déifdrockaktivitéit erëm an der zweeter Wochenhallschent

No engem deels wanterleche Start an déi nei Woch erwaart eis bis e Mëttwoch eng kleng “Berouegung”. Duerno gëtt et erëm séier méi variabel, och de Risk vun engem Stuermfeld besteet.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Haut um Méinde läit héije Loftdrock iwwert dem Weste vum Kontinent, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem Oste läit. Doduerch kënnt et bei eis mol nach zu eenzelne Schaueren, dat och a Form vum Schnéi. Muer um Dënschde läit d’Héichdrockgebitt iwwert eis, wat heescht, dass et méi roueg gëtt. Et wäert awer net vu laanger Dauer sinn, da beweegt sech d’Héichdrockgebitt erëm vun eis fort. D’Bühn ass fräi fir eng méi variabel zweet Wochenhallschent an där et net nëmme méi oft naass gëtt, mee och de Wand erëm eng Roll spille kann. Et ginn eenzel Berechnungen déi zäitweis och e Stuermfeld op eis duerkomme gesinn. Et kënnt also erëm Beweegung an d’Spill.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Am Laf um Méindenowend gëtt et méi dréchen, dat ugeschwatent Héichdrockgebitt iwwerhëlt kuerzzäiteg d’Haaptroll. Dat wäert och de Grond fir déi immens niddereg Temperature sinn, déi an der Nuecht op den Dënschden optriede kënnen. Tëscht -5 a -2 Grad kënne gemooss ginn, ier muer um Dënschden tëscht 5 an 8 Grad erreecht ginn. Et zéie Wolleken duerch, mee virun allem a Richtung Dënschdenomëtten & Owend kënnen aus Westen erëm Nidderschléi mat an d’Spill kommen. E Mëttwoch sinn zwar och weiderhi Wolleken ënnerwee, sonneg Momenter sinn awer méiglech. Et besteet zwar och eng Schauerwarscheinlechkeet, mee se ass wierklech nëmme minimal.

Spéitstens vum Donneschdemoien un ännert sech dat erëm, de Modeller no forméiere sech vill Schaueren iwwer Mëtteleuropa. Dat engt oder anert Donnerwieder kann dobäi och net ausgeschloss ginn. De Wand gëtt och méi spierbar a kann an de Spëtzte mat bis ëm 50 km/h ënnerwee sinn. D’Temperature maache sech am Laf vum Nomëtten op de Wee a Richtung 11 a 15 Grad, kal gëtt et also net. Fir e Freide gëtt e Randdéif berechent, wat knapp nërdlech un eis laanschtzéie soll. Domat wiere mir voll an der Schosslinn vu ville Schaueren an eventuell och eenzelnen Donnerwieder, och potenziell Stuermstéiss wieren dann méiglech. E Samsde soll e naassen Dag bleiwen, ier et e Sonnde lues a lues soll méi dréche ginn.

Temperaturméisseg soll de Wanter dës Woch net méi erëmkommen – bis op de Sonnden. Deemno wéi ka sech do erëm en Héichdrockgebitt iwwert de britteschen Inselen installéieren iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem Oste vum Kontinent läit. Doduerch wier dann erëm e Schwall vu polare Loftmasse net ausgeschloss.