De Wochenausbléck: Meeschtens dréchen, dobäi summerlech bis héichsummerlech

Och an dëser Woch geet et weider mam leider ze dréchenem Wieder, niewebäi klammen eis Temperaturen ëmmer méi oft an de summerleche bis héichsummerleche Beräich.

Zesummespill aus Héich- an Déifdrockgebitter

Mir hunn et de Gros vun der Woch iwwer mat héijem Loftdrock iwwer Mëtteleuropa ze dinn, iwwerdeems eis Déifdrockgebitter, déi mat hirem Kär am Beräich vun de Britteschen Insele leien oder westlech dovu laanschtzéien, ëmmer erëm waarm Loftmassen aus dem Südweste vun Europa an och aus dem Mëttelmierraum an eis Géigende schëppen.

Eng sou eng Situatioun hu mir direkt am Ufank vun der Woch. Haut um Méinde läit en Déifdrockgebitt mat séngem Kär iwwert de Britteschen Inselen, wouduerch waarm Loftmassen an eis Géigende gelenkt ginn. De Moie starte mir mat e puer Wolleken an den Dag eran, d’Temperature leien tëscht 13 a 16 Grad a packen et am Nomëtten op 27 bis 33 Grad. De Wand bléist dobäi spierbar aus Südwesten a kann zäitweis 50 km/h areechen. Et gëtt méi sonneg, et zéie just nach e puer harmlos Wolleken duerch. Réischt an der Nuecht op den Dënschde gëtt et lues a lues méi wollekeg, well eis lues awer sécher eng Kalfront méi no kënnt.

D’Grousswiederlag bis de Weekend (ECMWF – wxcharts.com)

Kalfront um Dënschden, duerno erëm vill Sonn a waarm

Den Dënschde passéiert eis eng schwaach Kalfront, wouduerch mir et erëm mat enger ganzer Partie Wolleken ze di kréien. Den aktuelle Modellrechnunge no (Stand: 27.07.2020 – 03:49 Auer) soll et awer meeschtens dréche bleiwen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 21 bis 26 Grad areecht, de Wand bléist ëmmer nach zäitweis méisseg aus West- Südweste mat Spëtzte vu bis zu 50 km/h. Am Nomëtte stinn d’Chance fir sonneg Momenter am beschten. An der Nuecht op de Mëttwoch kläert et op, d’Temperature ginn op 13 bis 9 Grad zréck.

De Mëttwoch ass den Himmel meeschtens kloer, just am Nomëtte kënne kuerzzäiteg e puer eenzel Wolleken duerchzéien. D’Sonn huet awer d’Iwwerhand, dat bei Maximaltemperature vun 20 bis 25 Grad. De Wand bléist schwaach aus Nordwesten. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. An der Nuecht op den Donneschde bleift den Himmel kloer, d’Temperature falen op 12 bis 8 Grad. Um Donneschden erwaart eis e weidere sonnegen Dag, et si kuam Wolleken ënnerwee. 25 bis 30 Grad ginn areecht.

Enn der Woch 35 Grad méiglech?

Fir Enn der Woch rechnen d’Modeller erëm mam Virstouss vun héichsummerleche Loftmassen. Dat duerch en Déif mat sengem Kär nordwestlech vun de Britteschen Inselen an en Héich, wat iwwer Mëtteleuropa läit. Bleiwen d’Berechnungen esou, dann erwaart eis de Freiden e bloen Himmel mat vill Sonn an Temperature vu 29 bis 34 Grad. De Samsde wiessle sech Sonn a Wolleke viraussiichtlech of, dat bei 29 bis 35 Grad. De Sonnden hu mir et weiderhi mat e puer Wolleken ze dinn, d’Temperature klammen op 25 bis 29 Grad.