De Wochenausbléck: Meeschtens ënner 20 Grad, méi oft naass

Um Sonnden huet sech lues a lues en Ëmschwong ugeschlach, elo ass en do.

Oft gro an och Schaueren

Déi nei Woch start mat ville Wolleken, dobäi kann et an de Moiesstonnen och nach naass ginn. D’Temperature leien tëscht 11 a 14 Grad, areechen um Mëtten awer Maximalwäerter vu 17 bis 20 Grad. Am Laf vum Dag gëtt et ëmmer manner gro, reene sollt et dobäi och net méi. Um Dënschden ass et rem méi bedeckt. De Grond: De Frontesystem vum Ex- Hurrikan Humberto zitt iwwer Lëtzebuerg ewech. Dat ganzt sinn awer nëmmen Iwwerreschter an hu näischt méi mat engem Hurrikan ze dinn. Et ass bei 14 bis 19 Grad mat Schaueren ze rechnen. Och de Mëttwoch präsentéiert sech vu sénger groer Säit: Et kënnt zu Schaueren, dat bei 14 bis 17 Grad. De Wand bléist spierbar aus Südweste mat 40 km/h an de Spëtzten.

An duerno?

Um Donneschden ass et bei 16 bis 19 Grad nach oft gro, et ass weiderhi mat Schaueren ze rechnen. Um Freiden an och um Samsde soll d’Schauerwahrscheinlechkeet zréckgoen, d’Temperature pendle sech am Dag tëscht 15 an 21 Grad an. De Wand ass liicht spierbar ënnerwee.

De kompletten Détail zu de nächsten 3 Deeg fannt Dir ënnert dësem Link.

De Wocheverlaf vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)